Wéinst der Corona-EpidemieLuxair annuléiert Flich an Italien, Lufthansa sträicht 23.000 Vollen

RTL Lëtzebuerg
Och Luxair a Lufthansa reagéieren op d'Repercussioune vun der Corona-Epidemie an adaptéieren hir Fluchpläng, respektiv sträiche Flich.
© RTL Archivbild

Luxair huet deciésiert all Italien-Vollen bis freides, 3. Abrëll inclus ze sträichen: dëst sinn d'Destinatiounen Mailand, Roum, Venedeg a Florenz.

Et ginn awer bannent den nächsten Deeg nach 4 Vollen vum Findel eraus: zwee op Mailand (12. an 13. Mäerz) an zwee op Roum (12. an 15. Mäerz).

Nom 15. Mäerz da flitt d'Luxair fir 3 Woche keng italienesch Fluchhäfen méi un.

D'Saison vu Luxair Tour fänkt iwwerdeem eréischt Enn Abrëll un, wou nach keng Decisiounen geholl goufen.

Fir all annuléiert Volle ginn d'Luxair-Clientë komplett rembourséiert.

Wéi RTL vun der Luxair-Direktioun confirméiert krut, huet d'Epidemie och Repercussiounen op d'Frequenz vu Flich op eenzel anere vun den 22 Destinatiounen, wéi op München, London, Genève, Paräis oder och Hamburg.

Et gëllt sech virun all Depart um Site luxair.lu iwwer méiglech Adaptatiounen ze renseignéieren.

Wéi et bei der nationaler Airline heescht, géif d'Frequenz ëm bis zu 15% erofgesat ginn, bannent de nächsten Deeg a Wochen kéint deen Taux nach klammen. Et evaluéiert Een d'Situatioun vun Dag zu Dag.

Lufthansa sträicht 23.000 Flich

An engem Schreiwes huet de Lufthansa Group e Mëttwoch annoncéiert hir Fluchpläng an der Period tëscht dem 29. Mäerz an dem 24. Abrëll ze reduzéieren. Als Konsequenz falen 23.000 Flich aus, dat fir Destinatiounen souwuel an Europa, Asien an an den Noen Osten. An de kommende Woche kéinte weider Annulatiounen dobäikommen.

Concernéiert Clientë gi kontaktéiert a kréien d'Méiglechkeet eng nei Reservatioun ze maachen. Et ass och hei den Appell un d'Passagéier sech um Site vun der Lufthansa iwwert de Status vun hirem Vol z'informéieren.

Back to Top
CIM LOGO