
Konkret geet et ëm d’Aussoen vum Inneminister Léon Gloden am Artikel: Hei hat den CSV-Minister erkläert, datt seng Mataarbechter aus dem Inneministère Irregularitéite festgestallt hätten.
De Luerenzweiler Schäfferot preziséiert awer elo, datt et net d’Mataarbechter aus dem Kontroll-Departement vun der Gemenge-Kompatibilitéit am Ministère gewiescht wieren, déi dës Irregularitéiten detektéiert hätten, mee d’Personal vun der Luerenzweiler Gemeng selwer, déi de Schäfferot schonn am Juni d’lescht Joer doriwwer informéiert gehat hätt.
Wéi et am Communiqué weider heescht, hätt de Gemengerot no der Propositioun vum Schäfferot unanime dofir gestëmmt, fir am Inneministère ee Contrôle approfondi vun der Kompatibilitéit unzefroen. De Schäfferot bedauert, datt ee bis haut nach keng schrëftlech Äntwert vum Ministère kritt hätt.
De Luerenzweiler Schäfferot freet konkret, datt een spezial-Kommissär ernannt gëtt, fir d’Situatioun an och d’Aarbecht vum deemoleg zoustännege Receveur onofhängeg ze evaluéieren. Den Inneministère géif allerdéngs d’Optioun vun engem externen Audit virzéien. Esou een Audit misst d’Gemeng selwer bezuelen, dowéinst hält de Schäfferot u senger Demande fir een spezial-Kommissär fest.