
Et géif een hei och eppes fir d'Ëmwelt maachen, wann een d'Waasser zu Lëtzebuerg hierstellt an esou d'Produktioun vun der Wuer méi no bei d'Leit bréngt, esou de Frédéric de Radiguès. Och an deem Sënn wéilt een léiwer op Glasfläschen, wéi op Plastik setzen. Aktuell benotzt ee just en Deel vum Quellewaasser, fir Béier ze maachen. Do ass d'Iddi net friem, fir nach e weidere Produit op de Maart ze bréngen, ebe well een de Réistoff "Waasser" schonn huet.
Lodyss soll an den nächste Woche souwuel als Spruddel- an als Plattwaasser op de Maart kommen.
Aktuell hätt een um Lëtzebuerger Marché just 2 lokal Produzenten, Rosport a Beckerich, de Recht kéim aus dem Ausland. An do gesäit d'Brasserie Nationale e Marché, wou ee sech kéint etabléieren.