ZeienopruffLiichten Accident mat Materialschued tëscht Diddeleng a Keel

RTL Lëtzebuerg
Géint 15 Auer koum et en Donneschdeg zu engem Accident op der A13, nodeem sech zwee Chauffere geféierlech Manövere gemaach hunn.

Dowéinst sicht d'Police elo no de Chauffere vun enger schwaarzer Jeep Grand-Cherokee an engem orange Volvo XC60. Béid Automobiliste sinn nom Impakt op der Sortie Keel vun der Autobunn erofgefuer. An der Näerzenger Strooss krute sech da béid Gefierer liicht ze paken.

Leit, déi d'Aktioun gesinn hunn solle sech bei der Police vum Keeldall um 244-641000 oder per Mail op police.kayldall@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO