
Eng weider Petitioun huet de Seuil vun den néidegen Ënnerschrëften erreecht. D’Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch stäerken, andeems se obligatoresch muss geléiert ginn. Déi Fuerderung hu mëttlerweil eppes méi wéi 6.300 Leit ënnerschreiwen. Also schonn iwwer 800 méi wéi néideg, an nach ass se 30 Deeg laang online.
Och wann all d’Ënnerschrëften duerno natierlech nach musse validéiert ginn, kann een dervun ausgoen, dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamberplenière wäert kommen.
De Petitionär argumentéiert a senger Petitioun, dass et am Alldag ëmmer méi Situatioune géif, wou d’Kommunikatioun op Lëtzebuergesch schwéier oder onméiglech gëtt. Dat net nëmmen am ëffentleche Secteur, mä och a ville Beräicher vum alldeegleche Liewen.
D’Zil mat dem Lëtzebuergeschen als Haaptintegratiounssprooch wier et net, Leit auszeschléissen, mä d’Integratioun ze stäerken an ze garantéieren, dass d’Lëtzebuergescht als national Sprooch och am Alldag erhale bleift.