SchoulLëtzebuergesch Coursen am Secondaire an eng speziell "A-Sektioun"

RTL Lëtzebuerg
Am Enseignement secondaire gëtt et vum nächste Joer un e Pilotprojet fir eng "A-Sektioun" am Lëtzebuergeschen an et gi lëtzebuergesch Stonnen agefouert.
© RTL Grafik

Dat sot d'Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Secondaire Shari Schenten en Dënschdeg wärend engem Webinar, deen den Educatiounsministère an Zesummenaarbecht mam Radio 100,7 organiséiert hat.

"Dat heescht, dass een op enger A-Sektioun, nieft dem Italieneschen a Spueneschen, och d'Lëtzebuergescht wiele kann als Sprooch. Dat heescht, et huet een de Choix, ob een eng Friemsprooch wëll léieren oder eben d'Lëtzebuergescht, d'Literatur an d'Linguistik kënne léieren. De Projet leeft d'nächst Joer am Lycée Michel Rodange un."

Donieft kéimen awer nach weider Ännerungen am Lëtzebuergeschen. Op 4e Classique an op 4e General gëtt eng Stonn Cours d'Woch agefouert.

D'Nofro no pedagogeschem Material, seet d'Shari Schenten, wier immens grouss, et géif däes net genuch ginn. Dat confirméiert och d'Simone Bleser, déi Lëtzebuergesch Professer an der internationaler Schoul vun Déifferdeng an Esch ass.

"Et ass wichteg z'ënnersträichen, et ass e Manktem do u pedagogeschem Material, mä Material Lëtzebuergesch als Friemsprooch. Et ass jo elo net esou, dass déi international Schoulen eng Insel sinn, wou alleguer déi auslännesch Schüler dra sinn. Ech denken duerchaus am traditionelle System sinn esou vill Kanner, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen. Enseignanten, déi am Ufank vum Joer, dräi, véier Kanner an der Klass hunn, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, respektiv an der Mëtt vum Joer op eemol e Kand kréien, wat aus dem Ausland kënnt. Dat ass jo net nëmmen de Fall an den internationale Schoulen."

Wärend dem Webinar gouf ënnerstrach, datt d'Lëtzebuergesch fir vill Kanner an der Grondschoul net d'Alldagssprooch wier bei den Erwuessene géif d'Nofro dogéint ëmmer méi grouss ginn.

Lëtzebuergesch als Sprooch - Reportage Dany Rasqué

Back to Top
CIM LOGO