Attack op CSD: Lëtzebuerger temoignéiere vu Berlin "Immens grousse Schock, deen duerch déi Berliner Communautéit gaangen ass"

RTL Lëtzebuerg
Nom presuméierten Attentat zu Berlin e Samschdeg ass déi ganz Stad déif getraff, sou och Lëtzebuerger, déi an der däitscher Haaptstad liewen a beim CSD dobäi waren.
© AFP

Um Dag no der déidlecher Autosattack op de Christopher Street Day zu Berlin hu mir mat Lëtzebuerger geschwat, déi an der däitscher Haaptstad wunnen an dat Ganzt mat erlieft hunn.

Terrorattack op Christopher Street Day zu Berlin

Een dovunner, de Lëtzebuerger Student Ben Poull, war nëmmen e puer Minutte virum Ugrëff nach selwer op der Plaz, op där sech d'Tragedie zougedroen huet. Bis et zur déidlecher Attack komm ass, war alles an der Rei a jiddereen hat eng "mega Zäit", erzielt de Lëtzebuerger Student. Datt et sech ëm e geziilten Ugrëff op de Christopher Street Day soll gehandelt hunn, wier enorm tragesch, well esou vill oppe Leit op dem Evenement gewiescht wieren.

De Ben Poull:

Also ech sinn en heterosexuelle Mann. Ech sinn u sech net déi Minoritéit, déi do kämpft, mee ech sinn trotzdeem derbäi. Ech supporten dat. An et ass einfach esou schued, well et esou e schéinen Dag ass – esou vill cool Leit gesinn, mat esou vill coole Leit geschwat. Esou oppe Leit, esou häerzlech Leit. An dass do esou en Uschlag gemaach gëtt géint déi Leit, ass einfach esou traureg. Also, dat huet mech schonn an deem Moment wierklech matgeholl, dat sou ze héieren. An och, wéi gesot, well mir u sech ganz knapp sou net mat dra gerode sinn.

Lëtzebuerger Student nom Attentat zu Berlin

Schock a Suergen an der Berliner Queer-Communautéit no der Attack

No der déidlecher Attack um Christopher Street Day zu Berlin ass d'Stëmmung an der queerer Communautéit vun engem grousse Schock gepräägt. Dat erzielt de Lëtzebuerger Jeff Mannes, deen zanter zwielef Joer an der däitscher Haaptstad lieft an e muslimesche Partner huet. Vill Leit géifen nach ëmmer ënner dem Androck vun den trageschen Evenementer stoen, besonnesch well et nieft engem Doudegen och vill Blesséierter gouf.

De Lëtzebuerger war e Samschdeg um CSD, den Ament vun der Attack war hien awer schonn doheem.

Et géing een zanter Joren eng Verschlechterung vum Klima géintiwwer queere Leit observéieren, sou de Jeff Mannes. Verbal a kierperlech Ugrëffer géifen och an enger oppener Metropol wéi Berlin zouhuelen. Déi lescht Attack gesäit hien als den trauregen Héichpunkt vun enger Entwécklung, déi scho laang unhale géif.

An der Communautéit besteet awer och d'Angscht, datt d'Tragedie politesch instrumentaliséiert kéint ginn. Dem Jeff Mannes no soll de Fokus op den Affer leien an net op Versich, d'Evenementer ze notzen, fir Ressentimenter géint Migranten oder Muslimen ze schieren. Hien ënnersträicht, datt Haass a Gewalt géint e Grupp net dierfte mat neiem Haass géint en anere Grupp beäntwert ginn.

"Immens grousse Schock, deen duerch déi queer Communautéit gaangen ass"
Dat sot de Lëtzebuerger Jeff Mannes den Dag no der Attack op den CSD zu Berlin. De Lëtzebuerger lieft zanter 12 Joer an der däitscher Haaptstad.

Trotz de Suerge weist sech d'Berliner Queer-Communautéit no de Virfäll solidaresch. E Sonndeg gouf zu Berlin den Affer vun der Dot geduecht. Hei wier e kloert Zeeche vun Zesummenhalt gesat ginn, sou de Jeff Mannes, dee selwer mat dobäi war.

Wat war geschitt

E Samschdeg den Owend war beim Tiergarten zu Berlin eng Camionnette a Leit gerannt, um Bord vun de Manifestatioune fir de Christopher Street Day. Duerno ass den Täter nach mat engem grousse Messer op Leit lass gaangen an huet Persoune schwéier blesséiert.

Eng Fra koum dobäi ëm d'Liewen an 29 Leit goufen zum Deel uerg blesséiert. De presuméierten Täter war no der Dot geflücht. Den Abdul B. war den Autoritéite bekannt. Et wier eng islamistesch motivéiert Dot, huet den Inneminister Alexander Dobrindt e Sonndeg de Mëtteg vis-à-vis vun der Press confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO