
No der terroristescher Attack op de Christopher Street Day zu Berlin ass de gesichte presuméierten Täter bei engem Policeasaz ëm d'Liewe komm, dat hunn d'Autoritéite vu Berlin e Sonndeg den Owend matgedeelt.
Wärend dem Christopher Street Day (CSD) zu Berlin war et e Samschdeg den Owend am Tiergarten, net wäit vum Brandenburger Tor, zu engem déidlechen Tëschefall komm: Géint 22 Auer war eng wäiss Camionnette an eng Mënschemass gefuer. Duerno ass den Täter nach mat engem grousse Messer op Leit lassgaangen. Eng Fra ass bei der Attack ëm d'Liewe komm, 29 weider Persoune goufen zum Deel schwéier blesséiert. Um Sonndeg war keng Persoun méi a Liewensgefor.

De presuméierten Täter Abdul B., deen no der Dot geflücht war, war den Autoritéite bekannt an als potentiell geféierlechen Islamist agestuuft. Et wier eng islamistesch motivéiert Dot, huet den Inneminister Alexander Dobrindt e Sonndeg de Mëtteg vis-à-vis vun der Press confirméiert.

Den 21 Joer ale Verdächtegen ass an Däitschland op d'Welt komm an huet déi däitsch Nationalitéit. Hien huet libaneesesch Originnen.
Hie wier an der Vergaangenheet duerch eng sëllege Strofdoten an duerch seng Radikaliséierung opgefall, sou de Minister. De Mann gouf och schonn zu enger Prisongsstrof verurteelt, allerdéngs huet dat zoustännegt Geriicht e Sursis zeréckbehalen – e Verdikt, géint deen de Parquet Appell gemaach huet.
A ganz Däitschland war d'Police no der Dot alarméiert an d'Sich nom presuméierten Täter ass och um Sonndeg op Héichtoure gelaf. E Sonndeg den Owend huet d'Police de presuméierten Täter an enger Gaardenanalag fonnt. Beim Policeasaz ass hien ëm d'Liewe komm, sou déi däitsch Autoritéiten um Sonndegowend. Informatioune vun der däitscher Noriichtenagence dpa no soll de Mann ugeschoss gi sinn an u senge Blessure gestuerwe sinn.
Beim Christopher Street Day haten e Samschdeg Honnertdausende Leit fir d'Rechter vun der LGBT-Communautéit demonstréiert. De Virfall war net um Festival selwer, wou strikt Sécherheetsmoossnamen en place waren, mä direkt donieft.
Den Inneminister Dobrindt huet nach deklaréiert, datt elo bei grousse Manifestatioune verstäerkt Sécherheetsmesurë solle gëllen.
D'Organisateuren hunn den CSD no der Attack ofgebrach an iwwer Sozial Medien opgefuerdert, d'Géigend ze verloossen. D'Police hat d'Leit gewarnt, de Beräich ze meiden a groussraimeg ze ëmfueren.

De Bundeskanzler Friedrich Merz huet vun enger "abscheilecher Dot" geschwat. "Dës Täter, dës Extremisten hunn an der Mëtt vun der Gesellschaft keng Plaz", sou de Merz nach um Sonndeg. Hien huet sech dann och direkt un déi queer Communautéit geriicht an de Participanten um CSD zu Berlin an a ganz Däitschland Merci gesot: "Loosst iech net aschüchteren. Dës Doten hunn nëmmen een Zweck. Se wëllen eis Gesellschaft spalten", sou de Merz. "Mir si méi, mir si méi staark a mir halen an eisem Land zesummen."
De Berliner Buergermeeschter Kai Wegner huet den Ugrëff als Attack op eng fräi a weltoppe Gesellschaft verurteelt.
Op X huet hie geschriwwen: "Nodeems den CSD friddlech an tolerant gefeiert gouf, ass dës Versammlung op brutaalst Aart ugegraff ginn. Meng Gedanke si bei den Affer, hire Familljen a Frënn."
De Bundespresident Frank-Walter Steinmeier huet d'Attack schaarf verurteelt: "Dës Dot ass en Ugrëff op eis oppe Gesellschaft, op eis Aart ze liewen an zesummen ze liewen."
Och d'Spëtzte vum Bundestag a Bundesrat hunn op déi bluddeg Dot reagéiert. "Wie Mënschen ugräift, déi sech fir Fräiheet, gläich Rechter a Villfalt asetzen, gräift d'Grondlag vun eiser demokratescher Gesellschaft un a trëppelt d'mënschlech Dignitéit mat Féiss", sou d'Presidentin vum Bundestag Julia Klöckner.
D'Bundesregierung huet matgedeelt, de Kanzler Merz stéing a stännegem Kontakt mam Bundesinneminister Alexander Dobrindt a géif permanent vun de Sécherheetsautoritéiten informéiert ginn. Si hätten den Ekippen op der Plaz Merci gesot a géife sech mat aller Kraaft fir eng séier Opklärung asetzen.
Déi traditionell CSD-Parad zu Berlin gouf dës Kéier ënner dem Motto "Haltung ist hot" ofgehalen, mat Honnertdausende Participanten. De Schluss vum Evenement war eng Show beim Brandenburger Tor.