Reaktiounen op AfD-Walvictoire a Sachsen-AnhaltLëtzebuerger Premier bedauert Walresultat, verschidde Politiker net verwonnert

Marlène Clement
D'Resultat bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt e Sonndeg suergt international fir vill Reaktiounen. Och d'Lëtzebuerger Politiker reagéieren.
AfD mat historeschem Walresultat
Wéi geet et weider no de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt?
Reaktiounen op AfD-Walvictoire a Sachsen-Anhalt
Lëtzebuerger Premier bedauert Walresultat, verschidde Politiker net verwonnert

Eng Rekord-Walbedeelegung bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt an ee Rekord-Walresultat fir d'AfD mat bal 44 Prozent. D'Partei, déi vum Landesverfassungsschutz als geséchert rietsextremistesch agestuuft gëtt, huet déi absolutt Majoritéit zwar verpasst, se geet awer wéi erwaart als klore Walgewënner eraus. Ee Resultat, dat och zu Lëtzebuerg fir vill Reaktioune suergt.

Hie géing ëmmer bedaueren, wann Extremiste gewannen, esou de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an enger éischter Reaktioun. Extremismus wier ni eng Léisung fir d'Problemer, déi sech an enger Gesellschaft géinge stellen. Extremiste kéime mat einfache Léisungen, déi e Land net géinge viru bréngen. Hie géing hoffen, datt d'politesch Mëtt kéint Léisunge fannen, déi ee groussen Deel vun der Bevëlkerung géingen als raisonnabel ugesinn.

De Luc Frieden zum Walresultat a Sachsen-Anhalt

Änlech kommentéiert de Lëtzebuerger Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel d'Walresultat. Et wier eng Warnung an et misst ee sech bewosst sinn, dass bei verschidde Leit d'Flemm do wier. D'Leit hätte Suergen a Froen an d'Populiste kéime mat einfache Léisungen, déi awer an der Realitéit net ëmsetzbar wieren. Bal 44 Prozent vun de Stëmme géing awer och bedeiten, datt nach ëmmer eng grouss Majoritéit d'AfD net wéilt, betount den DP-Minister.

De Xavier Bettel zu Walresultat a Sachsen-Anhalt

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet de Walkampf déi lescht Deeg sur place suivéiert. Hie géing sech gäre säin eegent Bild maachen, esou d'Begrënnung. D'Brandmauer bezeechent hien als "grousse Feeler". Doduerch géingen d'Bierger mengen, datt déi aner net op se lauschteren. Eng Brandmauer wier am Fong nëmme kontraproduktiv.

D'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding warnt an de Soziale Medie virun engem "Ugrëff op eis solidaresch Wäerter". Déi extrem Riets géing net nëmmen demokratesch Institutiounen ugräifen. Si géing Fraerechter, Gläichstellung, LGBTIQ+Rechter, Diversitéit an ee solidarescht Europa a Fro stellen.

"E Resultat, dat engem méi wéi ze denken gëtt" - sou dréckt sech den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet aus, mam Bléck op d'Walen a Sachsen-Anhalt an d'Percée vun der AFD mat hiren 44% vun de Stëmmen. Den CSV-Politiker fillt sech un den Discours an Däitschland virum Zweete Weltkrich erënnert a mécht sech natierlech och Suergen, wéi lo d'CDU mam Resultat ëmgeet, wat eng Quittung fir eng Politik wier, déi vläicht net konsequent genuch gewiescht wier.

Fir d'laangjäreg Ausseministesch an Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer wier et net mat de Wahlen gedoen - Léiere wieren ze zéien, fir net nach weider Vertrauen an d'Politik an an d'Politiker ze verspillen: "Et muss ee versichen ze verstoen, wéi kann et esou wäit kommen? Wat ass do, ech soen elo mol schif gelaf? Oder wat ass do net vun anere Säite verstane ginn? Ech mengen, dat ass eng vun deenen allerwichtegsten Aufgaben. Einfach nëmme sech elo doriwwer opreegen. Gewësst, et ass schockant, et ass beängschtegend. Mee et muss een eeben hannendrun awer och d'Analys maachen."

D'Lydie Polfer

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson schwätzt vun engem "erschreckende" Walresultat. Et géing weisen, wéi vill Vertrauen an déi demokratesch Parteie verluer gaangen ass. Den Optrag wier, dat Vertrauen nees zeréckzegewannen. De Co-Parteipresident François Benoy sot, datt e Signal vun de Walen misst ausgoen, dat misst verstane ginn: "Et ass eng Attack op d' Demokratie. Et ass wierklech eppes, wou mer alleguerten als Parteien eis musse Gedanke maachen. Ech denken, et ass net onbedéngt mat Lëtzebuerg ze vergläichen. An awer huet d'Politik an Däitschland a Sachsen-Anhalt vill Leit verluer an dat muss een onbedéngt erëm zréckgewannen.

De François Benoy

Den André Marques, Porte-Parole vun déi Lénk, schwätzt dat aus, wat natierlech och zu Magdeburg lo gefaart gëtt, nämlech datt d'5 gewielt BSW-Politiker och mat der AFD an hiren 39 Deputéierten kéinte stëmmen. "Meng grouss Suerg ass elo punkto BSW, ob déi elo de Schoulterschloss wëllt maachen a mat der AfD wäerten zesumme schaffen oder net. An ech mengen elo ass wichteg, dass déi aner Parteie sech d'Fro stellen, wéi ass et dozou komm? An och an der Bundesregierung-Ebene, dass CDU an SPD sech d'Fro stellen, ob se déi Politik kënne weidermaachen an domadder dozou féieren, dass d'AfD nach méi staark gëtt."

Den André Marques

Fir de Sven Clement vun der Piratepartei bräichten d'Politiker sech net ze wonneren, "wann d'Leit hir Stëmm enzwousch anescht ofginn". Et wier d'Politik, déi "d'Lektioun net verstanen" hätt. D'Politiker géingen ze vill un hiren Ideologien hänken an net de Leit hir Problemer léisen.

Back to Top
CIM LOGO