
Et ass ee Resultat mat wuel grousse politesche Konsequenze fir eist Nopeschland déisäits der Musel: D'AfD gewënnt d'Landtagswalen a Sachsen-Anhalt däitlech an huet mat 43,8% bei wäitem déi meeschte Stëmme kritt. Dat ass ee plus vun 23 Prozent-Punkten, d'CDU ronderëm den aktuelle Ministerpresident Sven Schulze huet ganz deck Plomme misste loossen a kënnt mat engem Minus vu bal 20 Prozent Punkte mat 17,2 Prozent op déi zweet Plaz. Déi Lenk kommen op 8,6 Prozent, d'SPD mat engem liichte Gewënn op 9,3, d'FDP fält erof op 2,6 Prozent, an domat och aus dem Landtag, an déi Gréng klammen op 8,9 Prozent. Nei am Landtag mat dobäi ass och d'Bündnis Sahra Wagenknecht mat 5,3%.
Domat huet d'AfD mat hirem Spëtzekandidat Ulrich Siegmund zwar däitlech gewonnen, déi absolutt Majoritéit huet déi vum Verfassungschutz a Sachsen-Anhalt als riets-extrem klasséiert Partei awer verpasst. An awer ass et méiglech, datt et déi éischte Kéier nom zweete Weltkrich wäert sinn, datt esou eng Partei Regierungsverantwortung op Landes-Niveau wäert kréien. Op d'mannst wëll een elo a Koalitiounsverhandlunge goen, esou den AfD-Spëtzekandidat Ulrich Siegmund e Sonndeg den Owend.
A Sachsen-Anhalt ass de Landesverband vun der AfD ëm de Spëtzekandidat Ulrich Siegmund vum däitsche Landesverfassungsschutz als geséchert rietsextremistesch agestuuft.
Eng Regierungsbildung dierft allerdéngs schwéier ginn: Mat der sougenannter Brandmauer-Politik hunn déi gestane Parteie schonn ugekënnegt, eng Koalitioun mat der AfD ze refuséieren. Eenzeg an eleng de BSW huet eng Zesummenaarbecht net ausgeschloss, mat den aktuelle Resultater wier eng knapp Majoritéit tëscht AfD a BSW méiglech.
D'Parteispëtzt vun CDU an SPD hunn dann och schonn op d'Resultater reagéiert: D'CDU-Generalsekretärin huet e Sonndeg den Owend op der däitscher Tëlee uginn, datt ee sech misst Froe stellen, well déi eege Reform-Politik bei de Leit dobaussen net géif ukommen. Och d'SPD schwätzt vun engem Signal u Berlin: Fir de Finanzminister Lars Klingbeil misst een bei den Inhalter Usetzen an de Reformcours vun der Bundesregierung upassen.

D'Walbedeelegung bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt bleift historesch héich. Dem ZDF no hunn eng 80 Prozent vun de Walberechtegten hir Stëmm ofginn, ier d'Wallokaler ëm 18 Auer zougemaach hunn.
Bis an de fréien Nomëtteg hate 54 Prozent vun de Walberechtegten hir Stëmm ofginn - deen Ament schonn duebel esou vill Leit, wéi 2021 ëm déi nämmlecht Zäit gewielt haten. Ëm 16 Auer gouf et dunn nach emol nei Zuelen: 65 Prozent vun de Walberechtegte si bis dohi scho wiele gaangen. Viru fënnef Joer louch d'Walbedeelegung ëm déi nämmlecht Zäit bei knapp iwwer 40 Prozent.
Och international suergen d'Walen a Sachsen-Anhalt fir groussen Interessi. Iwwer 800 Journalisten aus der ganzer Welt si fir dëse Sonndeg akkreditéiert.
An zwou Woche stinn da schonn déi nächst Landtagswalen un. Da gëtt a Mecklenburg-Vorpommern an zu Berlin gewielt.