
Deemno ass d'Populatioun zejoert ëm 8.622 Persoune gewuess, déi grouss Majoritéit, 88%, dovunner duerch d'Migratioun. Dat war e Wuesstem vun 1,4 Prozent, also däitlech manner wéi déi Jore virdrun, an deenen deen Taux tëschent 2 an 2,5 Prozent louch.
D'Zuel vun de Gebuerten hei am Land ass awer 2020 an d'Luucht gaangen, ëm 3,7%. Et si bal 6 Prozent méi Lëtzebuergesch Puppelcher an eppes méi wéi 1 Prozent méi net-Lëtzebuergesch Puppelcher op d'Welt komm.
Ma och d'Zuel vu Stierffäll ass wéinst der Pandemie geklommen, ëm 7,6 Prozent. 11 Prozent vun de Stierffäll zejoert sinn iwwerdeems op eng Coronainfektioun zréckzeféieren.
