Wa Lëtzebuerg seng Aktivitéiten als Séifuerer-Natioun weider ausbaue wéilt a fir 2022 eng koherent Kandidatur fir de Mënscherechtsrot vun de Vereenten Natioune wéilt ofginn, da misst een och op de Weltmierer e Fokus op Mënscherechter an Nohaltegkeetsstandarde leeën, esou d'Kritik, déi den zoustännege Commissariat aux Affaires Maritimes awer net esou am Raum stoe loosse wëll.
Lëtzebuerg soll d’Hong-Kong-Ofkommes vun 2009 ënnerschreiwen, dat war eng vun de Fuerderunge vu Justice et Paix. Iwwer dës Konventioun sollen déi katastrophal Aarbechtskonditioune beim Ofwracke vu Schëffer a Länner wéi dem Bangladesch ugeprangert ginn. All eis Nopeschlänner hätten d’Ofkommes scho laang ratifizéiert.
"Mir hu se nach net ratifizéiert, well och keng Urgence ass. Well am Joer 2013 ass en europäescht Reglement geholl ginn, dat alles, wat an der Hong-Kong-Konventioun virgesinn ass, schonn obligatoresch fir all déi europäesch Länner mécht.", esou de Robert Biwer, Commissaire aux Affaires Maritimes.
Dovunner ofgesinn wär bis haut nach kee Schëff ënner Lëtzebuerger Fändel ofgewrackt ginn.
De Regierungsaccord vun 2018 gesäit vir, d’Konzept vum Green Shipping anzeféieren. Iwwer Taxe sollen Ureizer geschaaft ginn, fir d’Navigatioun um Mier méi nohalteg ze maachen. Justice et Paix verlaangt eng kloer Definitioun vum Greenshipping. Där géif et keng, esou de Commissaire, mä et géif ee probéieren, alles, wat a Richtung Ëmweltschutz geet, ze ënnerstëtzen. Doriwwer eraus géif een op internationalem Plang ëmmer déi ambitiéist Krittäre Punkto Ëmweltschutz vertrieden.
Och en Armateur war um Rendez-vous, fir de Lëtzebuerger Pavillon Maritime ze verdeedegen. Mat 72 Schëffer an enger 500 Marinnen ass de Jan de Nul an dësem Secteur dee gréissten Employeur am Land. Et misst een d’MLC e maritimt Aarbechtsofkommes respektéieren, dat international Standarde setzt, souwuel um soziale wéi um aarbechtsrechtleche Plang.
Sou hätt beispillsweis all Matrous a 24 Stonne wéinstens 12 Stonne Repos ze gutt, esou den David Lutty, Direkter Jan De Nul. D’Salairë wiere gestaffelt no de Standarde vum Land wou de Marin lieft. An der EU missten europäeschen Norme respektéiert ginn. Et géif och en internationale Mindestloun fir Leit, déi ausserhalb vun der EU liewen. Dëse läit bei 630 Dollar de Mount. Fir ze iwwerwaachen, ob d’Standarde respektéiert ginn, léisst Lëtzebuerg 1 Mol d’Joer op all Schëff eng Kontroll maachen. Dernieft ginn et Kontrolle vun den Hafenautoritéiten. Am Rapport annuel vun 2019 steet ze liesen, datt bei 170 Kontrollen ëmmerhin 97 Opfällegkeeten notéiert goufen.
Dës Opfällegkeete kéinte ganz verschiddener Natur sinn, technesch Problemer um Schëff, den Numm "Luxembourg", deen net lieserlech ubruecht wier oder awer zum Beispill, datt de Matrous schonn zwee Méint laang keng Pai kritt hätt.
"Et ass net, wéi wann näischt géif virkommen, mä wann eppes geschitt, huele mer eis Responsabilitéit a setzen eis dann och fir de Marin an", seet de Commissaire aux Affaires Maritimes.
208 Schëffer fueren aktuell ënner Lëtzebuerger Fändel. Dorënner wiere wuel grouss kommerziell Yachten, awer keng Croisères- oder Passagéier-Schëffer, wou Dausende Leit drop schaffen.