Parking MarkusbiergLëtzebuerger mat Marihuana am Kalzong erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Déi verstäerkte Grenzkontrollen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg schéngen nach net bei jidderengem ukomm ze sinn.
© AFP

Op d'mannst net bei deem Lëtzebuerger, deen um Parking vum Markusbierg kuerz virun der däitsch-lëtzebuergescher Grenz vu Policebeamte kontrolléiert gouf an dobäi Marihuana a senger Ënnerwäsch verstoppt hat.

Aus dem Police-Bulletin vun der Police vun Tréier geet ervir, datt e Lëtzebuerger Bus kontrolléiert gouf an dobäi d'Beamten op ee jonke Mann vun 28 Joer opmierksam ginn, dee sech nawell nervös beholl a ferm geziddert huet.

De Mann huet der Police dunn och gesot, hien hätt Droge konsuméiert. Op Nofro hin, ob en nach weider Droge bäi sech hätt, huet den 28-Järegen eng Titche mat e puer Gramm Marihuana aus sengem Kalzong gezunn.

Back to Top
CIM LOGO