Lëtzebuerger Gesondheetsprofil 2025Lëtzebuerger Gesondheetssystem schneit am europäesche Verglach gutt of

Pierre Jans
Raphaëlle Dickes
E wär effikass a géif de Besoine vun der Populatioun gerecht ginn, esou de Rapport.
Lëtzebuerger Gesondheetssystem schneit am europäesche Verglach gutt of
E wär effikass a géif de Besoine vun der Populatioun gerecht ginn, esou de Rapport “Lëtzebuerger Gesondheetsprofil 2025".

De Rapport iwwer de Lëtzebuerger Gesondheetsprofill 2025 huet den Europäesche Gesondheetsobservatoire an d’OECD zesumme mat der EU-Kommissioun an dem Lëtzebuerger Observatoire vun der Santé ausgeschafft . De System zu Lëtzebuerg ass allerdéngs deier fir de Staat.

Trotz senge ville Stäerkten am europäesche Verglach, huet de Lëtzebuerger Gesondheetssystem och e puer Schwächten. Zum Beispill sichen ze vill Patienten direkt Hëllef am Spidol, obwuel si bei engem Generalist besser opgehuewe wären, wat de Staat vill Sue kascht.

D‘Gesondwiesen zu Lëtzebuerg gëtt virun allem aus engem Grond besser bewäert ewéi am Ausland. D‘Françoise Berthet, d‘Presidentin vum nationale Gesondheetsobservatoire, huet vill Luef fir de System:

“De System erlaabt eisen Assuréen op finanziellem Plang en einfachen Accès op d‘medezinesch Soinen. Dat ass eng grouss Stäerkt.“

Déi Allermeescht kënne sech hir Soinen leeschten. A wéi eng soss Länner an der EU mussen d’Stéit dem Gesondheetssystem esou wéineg bäisteieren. E gëtt also virop de Staat deier. 2023 goufen 85 Prozent vun den Depensen an deem Kontext mat ëffentleche Gelder gedeckt. Spuermesurë wären net vu Muttwëll, seet och de Rapport méi oder manner däitlech. Beispillsweis ginn ze vill Leit an d‘Spidol an net bei den Dokter. D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez kennt de Problem.

“Mir hu festgestallt, dass an den Urgencen dacks Leit sinn, well si keen Hausdokter hunn. Si hunn eng Pathologie déi net muss an engem Spidol behandelt ginn. Et wär gutt, wann déi Leit en Hausdokter hätten. Wann si dee Reflex net hunn, da solle si besser an d‘Maison médicale goen. Do gëtt et e Reseau vu Generalisten. Ma dat anert wär besser. Dofir si mir mam Cercle vun de Generalisten a Gespréicher fir ze kucken, wat si brauchen a wéi si sech dat virstellen, fir hire Reseau nach ze vergréisseren. Et gëtt schonn eng Primm fir e Gruppe-Cabinet opzemaachen mat méi laangen Ouvertureszäiten, zum Beispill bis 8 Auer owes. Dat sinn eemoleg 10.000 Euro. Déi Primm gëtt kaum genotzt. Et schéngt net dat ze sinn, wat d‘Leit brauchen.”

Et géif schonn no Alternative gesicht ginn.

Bedenken och wat d‘Unzuel vu medezineschem Personal ugeet. Esou gouf et 2023 just 4 Dokteren op 1.000 Awunner hei am Land: Dat ass e bësse manner ewéi d’EU-Moyenne. Bei den Infirmière gesäit et besser aus: eppes iwwer 14 op 1.000 Awunner. Eng weider Schwächt ass d‘Ofhängegkeet vum Personal aus den Nopeschlänner. D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez wollt déi Kritik awer kontextualiséieren.

“Net all d‘Leit, déi hei assuréiert sinn, wunnen och hei. Et sinn och Frontalieren hei verséchert. Eise Gesondheetssystem ass fir eng Millioun Leit do. Mat deene Leit, déi hei forméiert ginn, packe mir dat net. Fir mech ass et normal, dass och Infirmièren an anert Gesondheetspersonal – och Dokteren – interesséiert dru sinn, heihi schaffen ze kommen, besonnesch well mir jo och een Deel vun hirer Populatioun en charge huelen.”

2024 louch d’Liewenserwaardung hei am Land bei 83,5 Joer. Bal zwee Joer méi ewéi déi europäesch Moyenne. Vun 65 Joer un huelen d’physesch Aschränkungen awer och bei de Lëtzebuerger Residenten zou. D’Alterung vun der Populatioun gëtt och an dësem EU-Rapport ernimmt: Aktuell ass d’Proportioun vun eelere Leit iwwer 65 mat 15 Prozent déi niddregst an der der EU. Se wäert sech bis 2050 awer verduebelen. D’Risikofacteuren fir ze stierwen sinn nach ëmmer den Tubak, den Alkohol, ongesond Iessen an ze wéineg Beweegung. 2021 war een Doud op véier op en ongesonden Liewensstil zeréckzeféieren.

Positiv ervirgestrach ginn an dësem Rapport d’Lëtzebuerger Investissementer an eng digital Santé.

Back to Top
CIM LOGO