
Mat der ronner Null am 1. Trimester vun dësem Joer schneit de Grand-Duché nach besser of ewéi d'Eurozon: déi wier am éischten Trimester vun dësem Joer ëm 0,2% zeréckgaangen, esou Statec. Am leschten Trimester zejoert war et nach eng liicht Croissance vu 0,2%. Op ee Joer gekuckt ass d'europäesch Wirtschaft awer nach liicht gewuess.
Als Rezessioun gëtt et réischt ugesinn, wann eng Ekonomie zwee Trimesteren hannertenee schrumpft.