Enquête vum Observatoire de l'HabitatLoyeren 2024-2025 ware 75% méi héich wéi virun 2010

RTL Lëtzebuerg
D'Loyere vun de Bailen, déi an de Joren 2024-25 ënnerschriwwe gi sinn, si ronn 75% méi héich wéi déi, déi virun 2010 ënnerschriwwe gi sinn, sou eng vun de Conclusioune vun enger Enquête vum Observatoire de l'Habitat.
© RTL-Archiv

Et wier also eng däitlech Hausse vun de Loyers-Präisser an eng grouss Inegalitéit tëscht méi rezenten an laangjärege Locatairen. Dat ass eng vun de Conclusioune vum sougenannte Cadastre des Loyers, enger Enquête vum Observatoire de l'Habitat.

86% vun all de Loyeren aus der Ëmfro leien tëscht 1.000-1.750 Euro, 16,4% leien iwwer 2.000 Euro. Aus de Resultater geet och wéineg iwwerraschend ervir, datt d'Loyerspräisser an der Haaptstad mat groussem Ofstand op éischter Plaz leien, dat mat enger Mediane vu 25 Euro de Metercarré. Am Norden an am Oste vum Land lount et sech am bëllegsten.

De komplette Rapport fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO