Bilan wuel Mëtt 2021Lëtzebuerger Commerce brauch Ënnerstëtzung, fir Fermeturen ze evitéieren

Mariette Zenners
Claudia Kollwelter
Et ass eng ganz schwéier Zäit fir d'Commercen, en exzeptionellt Joer, an deem d'Chiffres d'affaires vun eise Memberen extrem zréckgaange sinn.
Schwéier Zäit fir d'Commercen
Nieft der aktueller sanitärer Kris géifen och d'Chantieren an den Teletravail dofir suergen, datt d'Clienten an de Butteker feelen.

Dat sot de President vun der Union commerciale de Guill Kaempff am RTL-Interview. Nieft der aktueller sanitärer Kris géifen och d'Chantieren an den Teletravail dofir suergen, datt d'Clienten an de Butteker feelen. D'finanziell Hëllefe vun der Regierung hätt een natierlech begréisst, mä dat géif dem Guill Kaempff no awer bei wäitem net duer goen.

Extrait Guill Kaempff

Well d'Clientë sech wierklech schwéier dinn. Datt mer de Flux zréckkréien. Do brauche mer sécherlech nach eng Rëtsch Ënnerstëtzung, fir weider Fermeturen ze verhënneren. Wat sech eréischt nächst Joer wäert annoncéieren, wa mer bis wëssen, wéi d'Chrëschtdags-Geschäft gelaf ass a mer dann e Bilan kënnen zéien iwwer eventuell Faillitten a Fermeturen, déi sech héchstwarscheinlech am Fréijoer oder Mëtt nächst Joer wäerten annoncéieren.

Wat d'Situatioun am Garer Quartier betrëfft, huet de Guill Kaempff nach emol op déi extrem Belaaschtung duerch de Chantier vum Tram higewisen. Et géif een awer elo endlech Luucht um Enn vum Tunnel gesinn, huet de President vum Stater-Geschäftsverband nach betount.

Back to Top
CIM LOGO