Invité vun der Redaktioun (31. August) - Xavier BettelLëtzebuerger Handelssanktioune géint Israel gi gepréift, wieren awer just Symbolpolitik

Marc Hoscheid
Et géing nämlech just ëm een zimmlech klenge Montant goen. Wat eng méiglech EU-Erweiderung ugeet, misste fir d'éischt d'Krittären erfëllt sinn.
Invité vun der Redaktioun: Xavier Bettel
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Invité vun der Redaktioun: Xavier Bettel

Eng Majoritéit vun den islännesche Wieler huet géint Gespréicher iwwert e Bäitrëtt zur Europäescher Unioun gestëmmt. Dat wier keen Drama, géing awer weisen, datt ze dacks iwwert déi negativ an ze seelen iwwert déi positiv Aspekter vun der EU geschwat géing ginn, esou de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Wat d'Ophuele vun neie Memberen an d'EU ugeet, wollt hie sech net ze offensiv äusseren, anescht wéi bei der Bewäertung vun der israeelescher Siidlungspolitik.

Datt Island kee Member vun der Europäescher Unioun wäert ginn, wier net sou schlëmm, well een och sou ganz enk zesummeschaffe géing a sech dorunner och näischt ännere wäert. Datt d'EU awer net ganz onattraktiv ass, weist sech dorunner, datt eng eng Partie osteuropäesch Länner bäitriede wëllen. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel ass awer dogéint, fir doraus eng Course ze maachen.

"Sou laang d'Krittären net erfëllt sinn, do ginn et d'Kopenhagener Krittären, sinn ech der Meenung, datt een do Mol net soll op den Turbo drécken, mee einfach realistesch kucken, wat ëmgesat ginn ass a wat net. Och dem Kanzler Merz seng Propositioun fir Hallefmemberschaften oder Dräivéierelsmemberschaften, ech fannen dat wierklech keng gutt Iddi. Et si Saachen, déi ëmzesetze sinn a wann déi bis ëmgesat sinn, da soll een dat och zur Kenntnis huelen a kënnen de Go ginn."

Och d'Ukrain sollt net einfach Member ginn, fir ee geopolitescht Zeechen ze setzen. Am Moment wier iwwerdeems Montenegro dee beschte Schüler vun de Bäitrëttskandidaten.

Mat Bléck op déi israeelesch Siidlungspolitik seet de Xavier Bettel, et wier frustrant, datt een op EU-Niveau emol keng Majoritéit fir Sanktioune géint eenzel israeelesch Ministeren hätt, déi sech fir d'Ëmbrénge vu palestinenseschen Zivilisten ausgeschwat hunn. Déi Aussoe wieren nämlech "fir ze katze" gewiescht. Lëtzebuerg géing aktuell préiwen, ob een och Mesuren onofhängeg vun deenen aneren EU-Länner huele kann. Dovunner dierft ee sech awer net ze vill erwaarden:

"Do musse mer d'Gesetz vun 2018 iwwert d'Importer an Exporter iwwerschaffen, mee ech muss Iech awer och ganz éierlech soen, datt dat awer och Symbolpolitik ass, well mir wäerte manner wéi 15.000 Euro Echange mat Palestina hunn. Déi ganz EU huet manner wéi 55 Milliounen Echange mat ganz Palestina, an hei geet et jo ëm déi occupéiert Territoiren, dat heescht et ass nach vill méi kleng."

Wat den Iran-Krich ugeet, hätt deen net dozou gefouert, datt de Regime zu Teheran geschwächt gi wier, éischter de Contraire wier de Fall. Et dierft een awer net zouloossen, datt den Iran am Mieres-Passage vun Hormus eng Zort Peagesystem aféiert. Déi zousätzlech Käschte géingen nämlech virop dozou féieren, datt d'Versuergung vun deenen Äermste mat Liewensmëttel méi deier wäert ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO