Feierlech Vereedegung zu WalferLëtzebuerger Arméi zielt 42 nei Zaldoten an hire Reien

Chris Meisch
42 Rekrutten hunn zu Walfer beim Schlass, no der Grondausbildung, hiren Eed op d’Lëtzebuerger Verfassung ofgeluecht a sech domat verflicht, dem Land trei ze déngen.
Feierlech Assermentatioun zu Walfer
Feierlech Assermentatioun zu Walfer
© Chris Meisch

Assermentatioun bei der Arméi - Reportage Chris Meisch

Nieft der eigentlecher Vereedegung goufen den neien Zaldoten och déi traditionell Fourragèren iwwerreecht. Si sinn d‘Symbol vun hirer Zougehéieregkeet zur Arméi, a gläichzäiteg den Ofschloss vun enger intensiver Grondausbildung. Mat der Iwwerreechung vun de Fourragèren ass fir déi nei Zaldoten en éischte wichtege Schratt an hirer militärescher Carrière markéiert ginn. Wat de Chiffer vun den Zaldoten ugeet, esou de Steve Thull, Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi, misst d’Trupp an de kommende Joren nach weider wuessen:

„Do si mir och gutt ënnerwee. Wann ech kucken, wat mir an der Lescht rekrutéiert hunn, da leie mir grossement do am Soll vun deem, wat mir solle maachen. Et ass awer och wichteg, wa mir elo vill vun de Leit verlaangen, dass si hannendrun och eng richteg Remuneratioun hunn, an dass an der Gesellschaft unerkannt gëtt, wéi wichteg dass deen Job ass. Mee mir sinn net esou schlecht ënnerwee, wéi verschiddener dat mengen, ganz am Contraire, mir sinn am Soll vun deem, wat mir musse maachen.“

D’Zeremonie gouf a Presenz vu ville militäreschen a politesche Vertrieder ofgehalen, dorënner d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes, de lettesche Verdeedegungsminister Andris Sprūds souwéi de Colonel Alain Schoeben. Ënnert den 42 Rekrutte waren och zwou Fraen dobäi. Fir d‘Yana Wilmes war d'Promesse solenelle ee feierleche Moment, op dee si wärend véier Méint an hirer “Instruction de base” higeschafft huet:

„Als Kand schonn, an och als Jugendlechen huet de Beruff am Militär mech schonn intresséiert a faszinéiert. Ech hunn et ëmmer ganz wichteg fonnt, och eppes fir d‘Land ze maachen, dem Land och eppes kënnen zréck ze ginn. De Moment, wou ech meng Famill gesinn hunn do stoen, war ee Moment vu Stolz, dass ech d‘IB och duerchgezunn hunn, et war net ëmmer einfach. Et goufen och Momenter, wou ech u mir gezweiwelt hunn u menger Decisioun, mee ech si stolz, elo hei kënnen ze stoen.“

Am weidere Verlaf vun der Zeremonie kruten och Membere vun der Arméi Medailen iwwerreecht, déi sech bei internationale Missiounen engagéiert haten. Zousätzlech gouf en neien Adjutant vum Corps offiziell a seng Funktioun agefouert.

Back to Top
CIM LOGO