Mir kruten Impressioune vu 5 verschiddene Lëtzebuerger erageschéckt, déi zënter e puer Joer dohanne wunnen. Dat aus de Bundesstaate Florida, Missouri, Ohio an New York. D'Kim Fitzke wunnt zënter 2 Joer zu Key West. Si ass mat engem Amerikaner bestuet. Éier si fest an d'USA geplënnert ass, hat si dacks hei geschäftlech ze dinn, well si am Produktdesign fir Disney geschafft huet. Et sinn déi éischt Walen, déi si vun Ufank un an Amerika erlieft. E puer Saache ronderëm de Walkampf hu si an de leschte Woche schockéiert.
"Wéi d'Leit sech wierklech identifizéiere mat enger politescher Partei, dat ass wierklech ganz impressionant a wat mech nach schockéiert, dat ass d'Aggressivitéit, déi se där anerer Partei vis-à-vis fillen an och zum Ausdrock bréngen."
De Patrick Johanns wunnt zënter 2002 zu Jefferson City am Missouri. Hien ass mat enger Amerikanerin bestuet an huet 3 Kanner. Him fält op, dass d'Stëmmung onheemlech gereizt ass bei de Leit.
"Am grousse ganze géing ech soen, dass déi meescht Leit frou sinn, wann de ganze Spektakel eriwwer ass."
De Louis Grün huet op der Miami University studéiert an dëst Joer säi Master an der Geschicht opgeschloss. Hie wëll gären an den USA bleiwen, fir do ze schaffen. Ob dat awer méiglech ass, hänkt och vum Walresultat of.
"Zemools wann een dem Trump seng Walpostere gesäit, wou e géint d'Immigrante geet, ass dat eppes, wat mir Suerge mécht. De Biden huet schonn ausgeschwat, dass d'Immigranten hei am Land ënnert senger Presidentschaft méi geschützt wäerte sinn, mee dem Trump seng Uweisunge sinn ëmmer erëm géint d'Immigrante gaangen. Entweder well se den H1B Visa fir professionell Leit gecancelt, gekierzt oder méi deier gemaach hunn. Dat mécht mer Suergen, well ech sinn och hei op engem Schaffvisa, a wann den Trump gewielt gëtt, wat hält hien dovunner of, fir de Visa ze cancelen."
D'Isabelle Steichen wunnt zënter 2012 mat sengem amerikanesche Mann zu Brooklyn. Si huet e vegane Food Blog "The Plantiful" an d'lescht Joer eng Start-up am Liewensmëttelberäich gegrënnt.
"Ech hunn 2016 zu New York City gewunnt, wou d'Wale stattfonnt hunn an natierlech ass een do zimmlech an enger "Bubble" souzesoen. Do konnt och deemools kee sech virstellen, dass den Trump géif President ginn. Lo sinn ech e puer Wochen Upstate (zu Stamford), wat u sech méi eng konservativ Regioun ass. An ech si schonn immens verwonnert wéi vill Biden-Harris-Schëlder ech hei gesinn a wéi vill Support ech fir d'Demokraten hei héieren. Ech menge vill republikanesch Wieler si frustréiert an hunn einfach d'Nues voll."
Den Alex Steinmetz schafft zënter 5 Joer zu New York am Investmentbanking. Hie wunnt mat senger Fra an hirer Duechter zu Brooklyn. Hien huet d'Gefill, dass elo puer Deeg virun de Walen d'Awunner gemëschte Gefiller hunn.
"D'Leit sinn ugespaant wéinst de Swing States, well et kéint erëm wéinst de Swing States zu enger Iwwerraschung kommen, genau esou wéi viru 4 Joer."
Zanter 1979 lieft och de Lëtzebuerger Michel Franck an den USA. Hie schafft hei als Architekt zu New York.