Mäertesfeier um HärebiergLëtzebuerg investéiert sou vill wéi nach ni a seng Arméi

Marc Hoscheid
Jeannot Ries
Wéinst der geopolitescher Situatioun gouf an der Chamber ee Gesetzesprojet fir een Investment vun 2,6 Milliarden Euro deposéiert.
Lëtzebuerg investéiert sou vill wéi nach ni a seng Arméi
Wéinst der geopolitescher Situatioun gouf an der Chamber ee Gesetzesprojet fir een Investment vun 2,6 Milliarden Euro deposéiert.

Mäertesfeier - De Reportage vum Marc Hoscheid

Den 11. November ass den Namensdag vum Hëllege Mäerten a well deen de Schutzpatréiner vun der Lëtzebuerger Arméi ass, gëtt Mäertesdag traditionell an der Kasär Grand-Duc Jean um Härebierg gefeiert. Och dëst Joer gouf nees un den Hëllege Mäerten, dee virun allem dofir bekannt ass, datt en engem aarme Mann d’Hallschent vu sengem Mantel soll ginn hunn, erënnert. Déi Zort vu Solidaritéit wier grad an Zäiten, an deenen ëmmer méi Leit Angscht virun de geopoliteschen Entwécklungen hätten, wichteg, fir een Zeeche vun Hoffnung ze ginn, esou den Aumônier vun der Force publique Lieutnant-Colonel Nicolas Wenner.

“Mir sti viru ganz groussen Erausfuerderungen”, war och de Message vun der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes, op hirem éischte Mäertesdag, um Härebierg. Et géif drëms goen, eis Sécherheet, eis Gesellschaft, eis Wäerter ze verdeedegen. Dat huet säi Präis. D’nächst Joer wäert Lëtzebuerg 800 Milliounen an d’Defense investéieren. Virun 10 Joer, wéi d’Krim vu Russland annexéiert gouf, war et nach dräimol manner. A bannent den nächste 5 bis 6 Joer sollen déi Investissementer nach emol op ronn 1,5 Milliarden Euro d’Joer verduebelt ginn. Sou ass et op jiddwer Fall den Ament emol geplangt.
“Mir wëssen elo natierlech net mat wéi enge Fuerderungen den Här Trump kënnt. Mir kennen en natierlech vu sengem leschte Mandat, wou e ganz kloer gesot huet, dass d’Europäer misse méi an hir eegen Defense investéieren. Dat ass och ganz kloer geschitt.”

D’Verdeedegungsministesch huet hirersäits och ënnerstrach, datt vu Russland eng reell Gefor fir Europa ausgoe géing an ee sech op eng méiglech Attack virbereede misst.

“Mir, zesumme mat eisen Alliéierten, musse preparéiert sinn. An dat och zesumme mat der neier amerikanescher Regierung ab Januar. Mir musse preparéiert sinn an dat heescht, datt mer oprëschte mussen. D’Jaguaren, Griffonen, d’Servallen, ech hunn de Gesetzesprojet sou séier wéi et gaangen ass an der Chamber deposéiert, fir een Investment vun 2,6 Milliarden Euro, deen héchsten Investment an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Defense. An dee steet dës Woch an der Chamber an der Plenière um Ordre du jour.”

2,6 Milliarde fir méi schwéier gepanzert Gefierer, fir de Belsch-Lëtzebuerger Batailloun.

“En Invest an d’Credibilitéit vun eiser Dissuasioun, an d’kollektiv Defense.” sou d’Ministesch. Eng Lëtzebuerger Defense, déi weider op hir Stäerke setze soll, wéi Satellitte-Capacitéiten.

Nieft dem Uschafe vun neiem Material wier et awer och wichteg, datt Lëtzebuerger Zaldote bei internationale Militäroperatiounen um Terrain mat dobäi sinn. D’Verdeedegungsministesch huet dann och annoncéiert, datt sech Lëtzebuerg nees un der KFOR-Missioun bedeelege wäert. 2016 hat sech de Grand-Duché am Fong doraus zeréckgezunn. Vum nächste Joer u wäert Lëtzebuerg och Deel vun engem EU-Battlegroup sinn. Dës Unitéite si geduecht, fir am militäresche Krisefall séier anzegräifen.

An och am Kader vun der NATO, wou d’nächst Joer nei Ziler op Lëtzebuerg duerkommen, wäert een nei Missioune kréien.

Kee Militärspidol, ma eng Deployabel, mobil Klinik, déi a Krisen oder am Krich, am Ausland agesat soll ginn.

“Do si mer amgaangen, och mat anere Länner ze kucke wéi si dat maachen, well ech menge genuch Infirmièren, Infirmièren an Dokteren ze hunn, déi zu all Moment prett sinn, fir an d’Ausland ze goen, dat hu mir haut net. Mir sinn haut net esou opgestallt, dofir ass et och eng vu verschiddene Pisten, fir wierklech och an d’Formatioun vun esou Leit ze investéieren, déi da kéinten deployabel sinn. Mee do si mer haut nach net. Dat ass en enormen Defi, deen ech
och wierklech net wëll ënnerschätzen”, sou d’Ministesch.

Eng aner, ganz nei Erausfuerderung, déi d’Lëtzebuerger Arméi wuel bannent den nächste Jore beschäftege wäert, ass d’Loftofwier, eng vun den aktuelle Schwächten um Europäesche Kontinent. “Dat sinn natierlech ganz nei Domaine fir eis. Do huet Lëtzebuerg keng Erfarung”, sou d’Ministesch, déi op der Sich no Partner ass. Erausfuerderungen, déi d’Arméi och virun d’Hürde vum Rekrutement, vum néidege Personal stellt.

Back to Top
CIM LOGO