
Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen.
D'Gestioun vum Stock vun de Bluttkonserven ënnerläit de Responsabele vum Transfusiounszenter vum Roude Kräiz. Eng vun hire Missioune géing dodra bestoen, d' Autosuffisance vum Land am Beräich vun de Bluttkonserven ze garantéieren, wat de Moment de Fall wier.
Duerch geziilte Campagnë géif weiderhi probéiert ginn, fir nei Bluttspender ze fannen, haaptsächlech jonk Leit.