
E Freideg gouf de State of Tax Justice Report verëffentlecht, bei deem d'international Steiergerechtegkeet ënnert d'Lupp geholl gëtt. All Joer ginn dem neiste Bericht no 427 Milliarden US-Dollar duerch internationale Steiermëssbrauch verluer, wäit iwwer d'Hallschent vun de Verloschter ginn op multinational Firmen zeréck. Dat entsprécht am Verglach 34 Milliounen US-Dollar u Salairen am Gesondheets- a Fleegesecteur - anescht gerechent, geet all Sekonn ee Salaire vun engem Krankefleeger un e Steierparadäis verluer.
Dëst Joer gouf de State of Tax Report eng éischte Kéier mat Hëllef vun OECD-Daten benotzt, déi eréischt viru Kuerzem verëffentlecht goufen.

Déi Länner, déi am meeschte fir Steierverloschter responsabel sinn, sinn d'Brittesch Cayman-Inselen (16,5%, dat sinn 70 Milliarden US-Dollar), Groussbritannien (10%; iwwer 42 Milliarden US-Dollar), Holland (8,5%, 36 Milliarden US-Dollar), Lëtzebuerg (6,5%, 27 Milliarden US-Dollar) an d'USA (5,53%, 23 Milliarden US-Dollar)
An enger éischter Reaktioun op Twitter huet de Kollektiv "Tax Justice Lëtzebuerg" geschriwwen, hei am Land géife sech d'Perten op 11,2 Milliarden Euro chiffréiert. Si baséiere sech dobäi op d'Zuelen, déi d'OECD publizéiert hat.