
Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn en Dënschdeg am Kader vun enger internationaler Konferenz, déi op Initiativ vu Finnland an der UNO organiséiert gouf, confirméiert.
Iwwer 90 Länner an Organisatiounen ware mat derbäi, an déi afghanesch Regierung huet hiren Engagement zu engem Fridden um Hindukusch verlängert. Zanter September lafe jo nees Friddensverhandlungen mat de radikal-islameschen Taliban.
An de Joren 2001 bis 2020 loung de finanziellen Engagement vum Grand-Duché am Afghanistan bei 104 Milliounen. Zanter 2003 waren och schonn 330 Lëtzebuerger Zaldoten op Nato-Missioun um Hindukusch, a bis 2024 leeft dat och weider.