Zu Lëtzebuerg stécht all Corona-Infizéierten nach eng weider Persoun un. De Reproduktiounswäert läit aktuell awer ganz liicht ënner 1 mat Tendenz no ënnen. Donieft ass d'Häerdenimmunitéit nach wäit fort. D'Donkelziffer vun de Leit, déi sech mam Virus infizéiert hunn, ouni et ze mierken, ass nach net ganz kloer. Déi éischt Resultater vun der Prevalenz-Etüd Con-Vince goufen en Donneschdeg um Belval presentéiert.
Iwwer 1.800 Mënschen hunn un der Etüd deelgeholl. An engem éischten Test goufe fënnef Persoune positiv op den Virus getest, ouni d'Symptomer vun enger Covid-Erkrankung ze hunn. Dat ergëtt fir den Zäitraum tëscht Mëtt Abrëll an Ufank Mee eng Prevalenz vun 0,3 Prozent. Op déi ganz Populatioun gekuckt géif dat heeschen, dass fënnef Mol méi Leit mam Virus infizéiert sinn, ewéi offiziell bekannt. De Coordinateur vun der Con-Vince Etüd de Professer Rejko Krüger.
''Dat entsprécht ongeféier 1.449 Matbierger hei zu Lëtzebuerg, déi och hei wunnen. Dës Leit haten eben net déi klassesch Covid-Symptomer, mä si hunn de Virus a sech a kënnen domat och aner Leit infizéieren.''
An engem aneren Deel vun der Etüd gouf no Antikierpere gesicht. A 35 Prouwe vun 1820 goufen där fonnt.
''Wichteg ass: dës Äntwert vum Kierper heescht net, dass een och immun ass.''
Héichgerechent heescht dat: an engem konservative Calcul waren 2 Prozent vun der Bevëlkerung schonn a Kontakt mam Virus waren. Méi warscheinlech sinn et ëm déi 5 Prozent. Dat wäert sech déi nächst Woche konkretiséieren. Et ass een also wäit fort vun den 70 Prozent, déi et bréicht, fir vun enger Häerdenimmunitéit schwätzen ze kënnen. E ganze Koup Mënschen, déi un dëser Etüd deelhuelen, goufe schonn an enger zweeter Ronn getest. De Suivi wär assuréiert, esou den Rejko Krüger nach.

An nächster Zukunft soll déi ganz Populatioun op de Virus getest ginn. Awer net all beieneen, mä a sougenannte Kontingenter, opgedeelt also a Beruffsgruppen. Ënn Mee kéint ee bis zu 20.000 Mënschen den Dag op de Virus testen, seet de Professer Ulf Nehrbass.
''Dës Kontingenter kënnen da vu bestëmmte Restriktioune befreit ginn, wärend de Risiko vun neien Infektiounswelle kontrolléiert bleift.''
Mat de groussflächegen Tester kéint een dat selwecht Zil areechen, ewéi mat den strenge Reegele vum ''Bléif Doheem'', just méi séier: d'Infektiounsketten retracéieren, seet den Ulf Nehrbass.
''Dat heescht, et spuert een Zäit, bei bal der selwechter Sécherheet.''
Bal d'selwecht. Well aktuell läit de Reproduktiounswäert nach ëm 1, dat heescht eng infizéiert Persoun stécht op mannst nach eng weider un. Dëse Wäert kann all Ament nees klammen. D'Covid19-Taskforce huet berechent, dass d'Infektiounszuelen duerch d'Lackerungen den 11. Mee net nees massiv klamme géifen. Et ass ee sech awer sécher, dass déi sozial Kontakter an den nächste Wochen e groussen Afloss wäerten hunn op d'Evolutioun vun der Verbreedung, sou de Professer Paul Wilmes.
''Et ass deementspriechend nach eng Kéier drop hinzeweisen, dass d'Leit ebe strictement déi Moossname sollen anhalen, fir eben déi sozial Kontakter op e Minimum ze reduzéieren, fir dass mir net an en Zenario kommen, vun enger zweeter Well.''
Eng staark 2. Infektiounswell prognostizéieren d'Wëssenschaftler awer, wann nieft den Lackerunge vum 11. Mee och nees all d'Restauranten op wären a jiddereen all Woch zousätzlech nach doheem eng Party mat 10 Gäscht géif organiséieren.
LINK: Informatiounen op science.lu