Bilan ee Joer PandemieLëtzebuerg ass de 16. Mäerz 2020 eng éischte Kéier an de Confinement gaangen

RTL Lëtzebuerg
Um Owend vum 15. Mäerz, 2 Deeg nom éischte confirméierte Corona-Stierffall hei am Land, huet d’Regierung déi sec Mesuren annoncéiert.
Ee Joer Pandemie
Lëtzebuerg ass de 16. Mäerz 2020 eng éischte Kéier an de Confinement gaangen. D’Monica Camposeo kuckt zeréck op ee Joer Pandemie.

Deen éischte Fall vu Covid-19 gouf hei am Land de 29. Februar 2020 gemellt. Hannert de Kulisse gouf sech scho virdru beroden, d’Situatioun analyséiert. Bannent zwou Woche sinn déi aktiv Infektiounen op bal 90 geklommen. Schlag op Schlag huet sech d’Situatioun weiderentwéckelt, um 16. Mäerz 2020 huet sech dann den Alldag vu jidderengem hei am Land geännert.

D’Monica Camposeo kuckt zeréck op ee Joer Pandemie.

Viru genee engem Joer ass et op eemol roueg ginn zu Lëtzebuerg. Kee Stau méi. Eidel Stroossen a Spillplazen a voll Supermarchéë waren un der Dagesuerdnung. Schoulen, Restauranten a kulturell Strukturen hunn op dësem Dag hir Dieren zougemaach.

Ugekënnegt goufen déi exzeptionell Mesuren e puer Deeg virdru mat engem Saz vum Premierminister, dee bis haut nach gëllt:

"An den nächsten Deeg a Woche ännert sech den Alldag an onsem Land a mir mussen eis upassen. Jidderee vun eis."

Villes huet sech zanterhier geännert, ma vill gouf awer och gemaach, fir mam Virus ze liewen.

3,5 Millioune Maske goufe verdeelt. Mat der Mask hu sech d'Ofschlossklassen sech Ufank Mee och nees op de Schoulwee konnte maachen.

No de Schoulen an de Chantiere konnt Enn Mee och d’Gastronomie erëm opmaachen. Sécherlech eng vun den Ouverturen, déi am meeschten erwaart gouf.

Ëm déi nämmlecht Zäit gouf och de Large-Scale-Testing lancéiert. Méi Testen, fir de Virus besser am A ze behalen, esou d’Strategie vun der Regierung. Donieft gëtt op den analogen Tracage gesat.

Dat geet awer just, soulaang d’Neiinfektiounen net erëm explodéieren. Da kann nämlech net méi all Fall retracéiert ginn. Wéi dat jo am Hierscht de Fall war.

D’Gesondheetsministesch huet sech an engem Interview de 4. November 2020 nach optimistesch gewisen. D’Zuele wieren héich, mee stabel an et géing een hoffen, dass sech déi liicht Tendenz no ënnen bestätegt.

Déi Tendenz no ënnen koum och, mee awer net signifikant genuch.

Dobäi bereeden zanter dem Wanter déi verschidde Variante Suergen. Nei Mesurë kommen, den ëmstriddene Couvre-feu, vereenzelt Wochen Homeschooling, en zweete – wann och kuerze – Lockdown, zoue Restauranten a Baren.

Mat awer dem Vaccin als klenge Liichtbléck. Um 21. Dezember 2020 hat de Premierminister ugekënnegt, dass den 28. Dezember soll ugefaange gi mat Sprëtzen.

An et goung och effektiv nach am Dezember lass mat der Impfcampagne.

Mee och wa mer mëttlerweil verstanen hunn, dass mer eis an engem Marathon befannen, wësse mer och no engem Joer nach net, bei wéi engem Kilometer mir schonn ukomm sinn.

1. Confinement virun 1 Joer - Reportage Annick Goerens

Back to Top
CIM LOGO