Parlamentaresch FroLenert: PCR-Tester bescht Method, fir ze gesinn, ob eng Persoun infizéiert ass

Claude Zeimetz
Kloer wier, dass e PCR-Test, obwuel et eng indirekt Method wier, eng fiabel ass, fir de Virus nozeweisen, esou d'Ministesch.
© AFP (Archiv)

Deene meeschten Experten no bleift de PCR-Test de "gëllene Standard", fir viral Infekter fir de SARS-CoV-2 ze detektéieren, eng fiabel Method, fir de Virus nozeweisen. All d'Resultater vun de Laboratoirë ginn iwwerpréift, wéi dat och an de virgeschriwwenen ISO-Normen virgesinn ass. Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng urgente parlamentaresch Fro vun den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser a Jeff Engelen.

Parlamentaresch Fro PCR-Tester / Claude Zeimetz

Et muss ee schonn éischter vun engem reegelrechte Froekatalog schwätzen, deen déi zwee Oppositiounsdeputéiert Enn November un d'Paulette Lenert adresséiert hunn. 14 Froe mat ville Referenzen op Etüden an Aussoen an der internationaler Press. Mam Hannergrond vum neie Covid-Gesetz an dem partielle Lockdown, deen jo ënnert anerem op Basis vun de Resultater vun de PCR-Tester decidéiert gouf. An der Haaptfro wat dës Tester iwwerhaapt daachen, salopp gesot.

Anescht, wéi vun der ADR geschriwwen, gouf hei am Land iwwregens net nëmmen de PCR-Test vun der Firma Fast Track Diagnostics vu Siemens bis elo autoriséiert, mä 11 PCR-Tester vu verschiddene Firmen am Ganzen.

D'Direktioun vun der Santé géif all Dag d'Inzidenz vun de positiven Zuele bei de Laboratoire kontrolléieren, fir eventuell onerklärlech Ënnerscheeder tëscht de Laboen ze hannerfroen, sou d'Ministesch. An et géif een och all Nofro vun Dokteren a Patiente wéinst Onkloerheeten nogoen.

Dobäi kommen reegelméisseg Auditten iwwert d'Aarbechtsweis an de Laboen. A wéi engem Zäitraum, geet aus der Äntwert net ervir.

D'Zouverlässegkeet vun de PCR-Tester vu Fast Track Diagnostics wier der LSAP-Ministesch no ganz héich souwuel bei der Sensibilitéit wéi och der Specificitéit. Dat wier vum Luxemburg Institute of Health och onofhängeg iwwerpréift ginn. D'Detailer sollen deemnächst an enger Fachzeitung verëffentlecht ginn. D'Tester hunn der Ministesch no en CE-Label, sou wéi et virgeschriwwen ass, an hätte sech un déi national an europäesch Bestëmmunge gehalen.

Fast Track selwer gëtt 100% Sécherheet un. 100% Sécherheet kéint et an der praktescher Applikatioun awer net ginn, nuancéiert d'Ministesch allerdéngs. Och wann ee ganz no dru wier. Bei all Analys géifen deemno positiv an negativ Kontrollechantillone mat getest ginn, fir z'iwwerpréiwen, ob de PCR korrekt duerchgefouert gouf. Déi Resultater géife vun engem Biologist iwwerpréift an da réischt validéiert ginn. Sougenannte "schwaach positiv" Fäll, déi am Ufank oder um Enn vun der Infektioun sinn, gi gefrot, fir d'Resultat mat engem zweeten Test ofklären ze loossen. All Lëtzebuerger Labo, déi PCR-Tester auswäert, hätten oder géifen och nach un externe Qualitéitskontrollen un auslännesche Laboen deelhuelen. Sou wéi dat vun der OMS virgeschriwwen ass.

Trotz de Kriticken, déi ëmmer rëm un der PCR-Methodik op kënnt, bleift d'Lëtzebuerger Santé derbäi, datt d'PCR-Tester eng fiabel Method sinn, fir de Virus nozeweisen. Et wier déi bescht Method, fir fiabel soen ze kënnen, ob eng Persoun infizéiert ass oder net, schreift d'Ministesch souguer a baséiert sech op d'Aschätzung vun de meeschten Experten, déi de PCR als "golden standard" ugesinn am Detektéiere vu viralen Infekter, wéi dem SARS-CoV-2. Mat engem PCR-Test gëtt de Virus jo nëmmen indirekt detektéiert an och schonn eng geréng Quantitéit am Ierfmaterial detektéiert. E positiven Test heescht net, datt déi Persoun nach infektiéise Virus produzéiert oder krank ass. De PCR weist nämlech kee "liewege Virus" no, ma wier och guer net do, fir engem ze soen, ob ee krank ass oder net. Duerfir wier ëmmer eng Consultatioun beim Dokter wichteg. Den Test wier do, fir unzeweisen, ob d'Persoun deen Ament mam Virus infizéiert ass. Grad dat wier bei de villen Asymptomatesche wichteg. An deem Kontext mécht d'Paulette Lenert och nach emol e Plädoyer, fir de Large Scale Testing. Déi breet ugeluechten Teststrategie géif eis et, besser wéi anere Länner, erméiglechen, de Virus z'ënnerbriechen an hätt eis gehollef, déi lescht Méint d'Neiinfektioune stabel ze halen. D'ADR wollt wëssen, ob hei net Ressource verbëtzt ginn.

Testmaterial vun den negativen Tester gëtt iwwregens bannent enger Woch zerstéiert. Positiv Analyse kënnen eventuell méi laang gehale ginn, fir kënnen iwwerpréift ze ginn.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO