Den 1. NovemberLeit mat Ordonnance kënne sech ouni Rendez-vous zu Diddeleng teste loossen
Wéinst der héijer Demande ginn op Allerhellegen am LNS (1, rue Louis Rech, L-3555 Diddeleng) vun 10 bis 17 Auer Corona-Tester duerchgefouert.
Dat krut RTL vum Gesondheetsministère matgedeelt. Zu Diddeleng am LNS brauch ee kee Rendez-vous, ma nëmme Leit mat Ordonnance kënne sech teste loossen.
Enn der Woch mécht dës Teststatioun hir Diere ganz op.
Wéi schonn e Samschdeg de Moien zu Jonglënster, ass och zu Diddeleng virum LNS den Undrang grouss. Nach ier d'Dieren opgemaach hunn, stounge vill Leit dobaussen ze waarden.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.