2. LockdownLCGB fuerdert eng Tripartite nach virum Enn vum Joer

RTL Lëtzebuerg
En 2. Lockdown an deene Secteuren, déi jo ferme geschwächt sinn, däerf net zu engem "coup mortel" fir d'Salariéë féieren.

Dat schreift den LCGB e Méindeg de Moien an engem Communiqué. Den Zesummenhalt an de soziale Schutz dierft, trotz alle Beméiungen, de Virus an de Grëff ze kréien, net vernoléissegt ginn.

De chrëschtleche Gewerkschaftsbond mécht en Appell un d‘Regierung, nach am Laf vun dësem Joer eng Tripartite anzeberuffen. Hei sollten d’Regierung, d’Patronen an d’Gewerkschaften zesummen déi néideg Mesuren treffen, fir eng Well vu Faillitten ze evitéieren an de Chômage partiel méi breet zougänglech ze maachen.

Den LCGB geheit och d’Fro no enger sektorieller Tripartite fir d’Horesca an de Raum. D’Beispill Luxair hätt gewisen, dass Resultater aus esou enger Reunioun duerchaus positiv kéinte sinn an och Afloss op aner Wirtschaftsdeeler kéint hunn.

PDF: Offiziellt Schreiwes vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO