Invité vun der Redaktioun (25. August) - Laurent Schwaller"E Fouermeeschter mécht och Leit onglécklech"

Pierre Jans
En Dënschdeg de Moie war d'Schueberfouer Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Laurent Schwaller
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Vill méi Foraine wëllen all Joer op d‘Fouer kommen, ewéi Plaz ass. De Fouermeeschter Laurent Schwaller a seng Mataarbechter hu Krittäre fir eng Selektioun ze maachen.

En Dënschdeg de Moie war d'Schueberfouer Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

400 Foraine kréien ofgesot

All Joers wëllen eng 600 Forainen hiert Spill respektiv hire Restaurant um Glacis ausstellen. Ma et ass just Plaz fir eppes iwwer 200. D'Selektioun mécht de Fouermeeschter Laurent Schwaller zesumme mat senger Ekipp. Dofir goufe Krittären ausgeschafft.

Natierlech zielt d'Anciennetéit och. Forainen, déi sech ëmmer un d'Reegelen halen an hir Rechnunge bezuelen, hunn also gutt Kaarten, reegelméisseg op der Fouer akzeptéiert ze ginn. Dofir gesäit een och esou vill Lëtzebuerger Forainen. Dat huet de Laurent Schwaller confirméiert.

Innovatioun ass awer och ee Krittär. D'Organisateure kucken och nei Manègen an Iessbuden op de Glacis ze kréien. Et wär e Mix tëscht Traditioun an Neiem, esou de Fouermeeschter.

Wat kascht d'Fouer de Forain?

D'Fouer lount sech fir d'Forainen, dat konnt de Laurent Schwaller net ofstreiden.

Déi deierste Plazen um beléiftste Volleksfest um Glacis kaschten 2.250 Euro fir 20 Deeg. Dee Chiffer huet de Fouermeeschter Laurent Schwaller confirméiert.

Domat sinn d'Standplazen am Verglach mam Münchener Oktoberfest um Glacis a ville Fäll ëm en zéngfacht méi bëlleg. Dem Laurent Schwaller no kommen bei de Präis fir den Emplacement awer nach aner Fraisen dobäi, fir Stroum a Waasser zum Beispill. D'Foraine verflichte sech och fir eng Rei karitativ Aktiounen. Dozou gehéiert de Buergermeeschterposte, awer och Aktiounen, bei deenen Associatioune mat Leit, deenen et net esou gutt geet, op d‘Fouer invitéiert ginn.

Präisser op der Fouer

D'Visiteure mussen op der Fouer trotzdeem deels déif an d'Täsch gräifen. Als Fouermeeschter ass de Laurent Schwaller d'Diskussioun iwwer d'Präisdeierecht gewinnt.

Senger Meenung no muss een op der Fouer kee Verméigen ausginn. Et géif eng Offer fir all Portmonni ginn. Transport an Entrée wieren ëmmerhi gratis. Op de Präis fir e Béier respektiv e Gromperekichelchen hätt d'Stad Lëtzebuerg als Organisateur nëmme bedéngt Afloss. Si kéint just kucken, dass d'Präisser net aus dem Rudder lafen, esou de Laurent Schwaller.

54 Buergermeeschtere mat Plateau am Grapp

En Dënschdeg ass dann och Buergermeeschterdag. 54 Gemengemammen- a Pappen hëllefen an den Iessbuden am Service. Dat ass knapps iwwer d'Hallschent vun alle Gemengen. Dem Fouermeeschter no si sécher nach eng Rei Buergermeeschteren an der Vakanz, mee d'Zuel ass an de leschte Jore geklommen. 18 Fouer-Restaurante maache mat. D'Politiker ginn ouni gréisser Krittären op déi verschidden Etablissementer verdeelt. Verschiddener géifen awer eng Präferenz äusseren, huet de Laurent Schwaller erkläert. D'Foraine spenden d'Paien, déi si de Buergermeeschteren theoretesch bezuele géifen, un eng ONG. De Buergermeeschterdag gëtt et elo zanter 21 Fouer-Editiounen.

D'Organisateure weise sech nom éischte Fouer-Weekend zefridden. D'Wieder mécht dem Laurent Schwaller iwwerdeems keng Suergen. De Lëtzebuerger kéim op seng Fouer, och wann et reent. Eng Fouer wär dann e Succès, wann no 20 Deeg keng gréisser Tëschefäll ze bekloe wären. Et léich ee stabel bei 1,5 bis 2 Millioune Visiteuren, esou de Fouermeeschter.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO