
An de Raimlechkeete vum Educatiounsministère um Aldringer an der Stad ass Enn leschter Woch agebrach ginn. Wéi eis de Ministère op Nofro hin confirméiert huet, hätte Leit freides moies gemierkt, datt Saache feele géifen. D'Police woer, eegenen Aussoen no, géint 8.40 Auer iwwert den Abroch informéiert ginn.
Geklaut goufen e puer Laptoppen an Tabletten, déi antëscht awer vun der Police recuperéiert konnte ginn. Dee selwechten Dag nämlech nach ass e Mann bei enger Zuchkontroll op der Gare zu Arel vun der belscher Police kontrolléiert ginn, bei deem 4 Tabletten a 4 Laptoppen séchergestallt goufen. D'Apparater konnten alleguerten duerch eng Etikett identifizéiert ginn, op där stoung, datt se zum Stock vum "Centre de gestion informatique de l'éducation" (CGIE) gehéieren, sou d'Police op Nofro hin. De Mann gouf protokolléiert.
Den Educatiounsministère präziséiert, datt ee mat de Responsabele vu "Bâtiments Publics" amgaang wier, fir d'Ofsécherung vum Gebai nach emol z'iwwerkucken.