
En onofhängege Grupp Cafetieren a Restaurateuren organiséiert e Freideg um 16 Auer op der Plëss an der Stad eng Manifestatioun, fir géint déi schwiereg Situatioun an hirem Secteur ze protestéieren. D’Organisateure vun dësem “Sit-in” fuerderen d’Reouverture vum Secteur an datt d’finanziell Mesurë fir den Horeca-Secteur och no enger Reouverture verlängert ginn.
De Clément Elie, Cafetier zu Dikrech, huet d’Manifestatioun lancéiert. Am Gespréich mat RTL begréisst hien, datt am Februar d’Hëllef fir net gedeckte Fraisen op 100% eropgesat gouf. Allerdéngs kritiséiert hien, datt déi Hëllef eréischt no der Fermeture koum. Donieft hätten dem Clément Elie no eng ganz Rei Etablissementer nach keng Suen iwwerwise kritt.
De Cafetier vun Dikrech gesäit an, datt déi aktuell sanitär Situatioun an d’Mesuren am Ausland eng komplett Reouverture net wierklech legitiméieren. De Clément Elie freet awer, firwat säi Secteur, am Géigesaz zum Sport an zu de Schoulen, keng Schnelltester zur Verfügung gestallt kritt. D’Méiglechkeet vu nächsten Mëttwoch un, d’Terrassen däerfe fir zwou Persoune pro Dësch vu 6 Moies bis 18 Owes opzemaachen, wier a sengen Ae och keng Mesurë fir d’Cafetieren a Restaurateuren, mä fir d’Clienten. Ofgesinn dovunner, datt d’Mesurë vum Wieder ofhängeg ass, freet de Clément Elie, wéi ee mat esou enger Mesure soll rentabel ginn.
De Clément Elie resuméiert: „Amplaz just d’Terrassen e bëssen opzemaachen, hätt ee missen entweder nach e bësse waarden oder alles erëm opmaache mat Schnelltester“.
De Cafetier verstoppt och net seng Enttäuschung géigeniwwer der Horesca-Federatioun. Déi géing de Secteur representéieren, ouni mam Secteur ze schwätzen.