Aussepolitesch ChamberkommissiounKritik un de Jean Asselborn wéinst zoue Grenzen an Exit-Strategie

RTL Lëtzebuerg
Dat ware Sujeten d'lescht Woch, an zwou Videokonferenzen zum Covid-19, un deenen de Jean Asselborn deelgeholl huet.
© RTL Archivbild

Iwwert dës Konferenzen - eng Kéier mat den Homologen aus den däitschsproochege Länner, déi aner Kéier mat den EU-Aussen- an Europaministeren - gounge Méindeg de Moien an der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber Rieds.

No där Reunioun gouf et v.a. vu Säite vun der adr-kritesch Téin. Hirem Vertrieder no sollt een d'Memberlänner zesummeféieren a se net ëffentlech attackéieren, sou wéi den Ausseminister dat maache géif.

"Dat ass net eise Wee!", sot de Fernand Kartheiser, deen och betount huet, dass seng Partei prinzipiell fir oppe Grenze wär, och wann d'Méiglechkeet bestoe misst, fir d'Grenzen ze kontrolléieren. Dës prinzipiell Schléissung vun de Grenze wär awer net acceptabel. Den adr-Deputéierten huet och d'Fro gestallt, firwat de Jean Asselborn d'Plattform vun den däitschsproochege Länner net genotzt huet, fir eng Initiativ z'ergräifen:

"Däitschland an Éisträich z.B. verhandelen eventuell iwwer oppe Grenzen, fir den Tourismus z'erlaben. Firwat net soen: Mir wëllen eis do drunhänken, mir wëllen do matmaachen!"

Op deem Punkt wär een enttäuscht, well ee sech méi Engagement an Dynamik erwaart hätt.

Wat eng koordinéiert Exit-Strategie ugeet, géif d'EU dofir net direkt gebraucht ginn. E Gedanken do hannendru wär och, der EU méi Pouvoiren ze ginn. De Fernand Kartheiser stéiert sech v.a. un der sougenannter Tracing App:

"Fir eis ass dat eng gravissime Menace géint d'Fräiheetsrechter vun de Bierger! Mir musse ganz gutt oppassen, dass mer net Kompetenzen un eng Europäesch Unioun ginn, déi enger demokratescher Kontroll einfach vill méi wäit ewech ass!"

Och fir den David Wagner mécht et kee Sënn, d'Grenzen zouzemaachen:

"Et ass och schwéier nozevollzéien, firwat Däitschland dat mécht. Souwäit ech héieren hunn, war et och immens komplizéiert, och fir d'Lëtzebuerger Regierung, fir wierklech erauszefannen, wien dat decidéiert!“

An den Ae vum Vertrieder vun déi Lénk wär de Covid-19 sou allzäit net an de Grëff ze kréien.

Den David Wagner huet nach ervirgestrach, dass et och bannent EU-Memberlänner verschidden Exit-Strategië gëtt, eng eenheetlech Positioun op EU-Niveau wär dofir net z'erwaarden:

"Dat kann ee vergiessen. Do, wou et ëmmer kriddeleg gëtt, dat ass jo, ob an de Grenzregioune sech dat e bësse koordinéiert!"

Woubäi d'Exit-Strategië méi oder manner an déi selwecht Richtung goe géifen; just d'Datumer wäre verschidden.

„D'Ausso vum Jean Asselborn, hien hätt Angscht, dass d'Leit de Sënn vun Europa an de Sënn vu Schengen aus den Ae verléieren, ass duerchaus justifizéiert!“: Dat sot de Claude Wiseler. Fir den CSV-Deputéierte war et symbolesch falsch, Grenzen zouzemaachen, well Europa fir Solidaritéit stéing an net fir e vuneneen-Ofgrenzen:

„Ech mengen, dass deen éischte Reflex vu verschiddene Länner, fir sech mol ofzeschotten, wierklech net dee richtege Reflex war. An Tëschenzäit muss ech awer soen, dass Europa a seng Institutiounen, mä awer och déi eenzel Länner, villes agesinn hunn, dass villes awer an dësem Moment schonn anescht leeft wéi deen éischte Reflex, dee mer virun e puer Wochen haten. An aus där ganzer Saach hei muss een einfach léieren a vläicht sech och besser op Krisesituatioune gemeinsam virbereeden, well manifestement ass et dat, wat gefeelt huet!“

Eng Koordinatioun vun den europäeschen Exit-Strategië wär absolut noutwendeg, sot de Claude Wiseler nach; et wär fir d'Leit nämlech schwiereg, sech erëmzefannen, wann all Land eng aner Exit-Strategie hätt. Beim Heembrénge vu Leit hätt Europa awer gutt reagéiert, "well et sinn am Ganze 500.000 Europäer an deene leschte Woche rapatriéiert ginn, an am Fong groussen Ustrengungen. An och Lëtzebuerg huet jo Rapatriementer gemaach an huet och an deene Rapatriementer eng gewëss Solidaritéit gewisen. Mir hate Rapatriementer vum Cap-Vert, wou 150 Leit am Fliger souzen, dont 50 däitsch Leit, wat ech richteg a wat ech normal fannen, mä wat och déi Solidaritéit weist, déi mer als Land do gewisen hunn!“

Den CSV-Vertrieder huet nach d'Fro opgeworf, ob a Krisenzäiten net en Deel vun der Gesondheetspolitik un d'EU-Kommissioun sollt iwwergi ginn. Virum Hannergrond vun der aktueller Kris missten och europäesch Stocken organiséiert ginn, z.B. vu wesentleche Medikamenter.

Back to Top
CIM LOGO