EP 1694829 B1Komplott-Theorie novollzéibar, mä definitiv falsch

RTL Lëtzebuerg
D’Theorie de Covid19 géing et scho laang ginn an e Géigemëttel och, ass op falsch Interpretatioune vu Breveten a Biologie zeréckzeféieren.

Op de soziale Reseauen zirkuléiere natierlech och Komplott-Theorien. E Grupp Fransousen huet ee Brevet fonnt (ep1694829b1), dee soll beleeën, datt de Covid19 vu Mënsche gemaach gouf. Zanter 2003 géing et e scho ginn an et wier och scho laang e Géigemëttel fonnt ginn. An enger Äntwert op de Video, erkläert e franséischen Dokter an der Biologie, datt de Grupp Fransouse puer Feeler a senge Reflexioune gemaach huet a Breveten net esou funktionéieren, wéi de Grupp Fransousen et mengt.

De Mann erkläert, datt de Covid19 vun 2019 ass, mä vun enger Souche Sars-Cov-2 staamt. Sars steet fir „Syndrome respiratoire aigu sévère". E Brevet vun deem Grupp handelt ëm de Sars-Virus vun 2003. Deemools gouf et eng Epidemie a Südost-Asien. De Mann erkläert, datt Laboe ganz dacks mat Brevete schaffen, wann se deels Géigemëttel fonnt hunn. Dat bedeit awer net, datt si de Virus geschafen hunn. Datt Laboe Souchë benotzen, fir hir Recherchen ze maachen, ass evident, well soss missten se jo eraus an d’Natur der siche goen.

De Student betount, hie versteet d’Suerge vum Grupp Fransousen, well vill Ängschten a Froe mam Virus zesummenhänken an net jiddereen den Autoritéite vertraut. Mä dem Grupp géinge Fachkenntnesser a Biologie feelen, sou datt en de Brevet falsch interpretéiert. Hie biet d’Leit op keng Videoen weider ze verbreeden, déi Ängschte fërderen. Dowéinst maache mir dat och net.

Back to Top
CIM LOGO