Ëmgang mat PFAS-Chemikalien"Komplexitéit vum Problem dierf keng Excuse sinn, fir näischt ze maachen"

Monica Camposeo
Eng richteg Preventiounspolitik muss bei der Industrie ufänken an net op d'Eegeninitiativ setzen. Dat fuerderen déi Gréng zu de sougenannte PFASen, also den Éiwegkeets-Chemikalien, déi sech am Buedem oder dem Drénkwaasser festsetzen an doduerch d'Gesondheet vun eis all beaflossen.

Dass dës Substanzen am Blutt ze fanne sinn, och wann een am eegene Konsum op villes oppasst, hunn d’Joëlle Welfring an d’Djuna Bernard selwer misse feststellen. Si hu sech teste gelooss, fir op dee Sujet opmierksam ze maachen.

4 vun 13 PFAS-Kategorië goufen am Blutt vum Djuna Bernard nogewisen. Alles nach am giele Beräich, mee d’Resultat gëtt awer ze bedenken, well sech am Laf vum Liewen ëmmer méi esou Substanzen am Kierper usammelen. Besonnesch wann een un d’Konsequenzen dovunner denkt, esou d’Djuna Bernard, géing si sech dach Suerge maachen.

PFASen hunn en Impakt op den Immunsystem oder nach op d’Fruchtbarkeet. Et geet net duer, selwer opzepassen, wat ee consomméiert, well esou Substanzen a ganz ville Produiten ze fanne sinn. Se si besonnesch resistent géint Hëtzt a Waasser a fanne sech zum Beispill a beschichte Panen, bestëmmte Läschmëttel oder Faarwen, déi waasserofweisend sinn. Och a waasserresistente Schminksaache sinn dës Substanzen Usus.

An enger rezenter Etud vun der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelinspektioun Alva gouf en Echantillon vun 204 Liewensmëttel getest. Dobäi konnten an 48 Prouwen Tracë vu PFAS-Stoffer detektéiert ginn. Dat entsprécht 23%, also bal ee Véierel.

Déi Gréng fuerderen dowéinst vun der Regierung, dass op nationalem Plang scho mol gehandelt gëtt. Besonnesch d’Gewässer sollte méi geschützt ginn. Als fréier Ëmweltministesch betount d’Joëlle Welfring, dass déi ganz rezent Erkenntnisser op deem Plang alarmant sinn, et wier dowéinst elo un der Zäit ze handelen. “Komplexitéit vum Problem dierf keng Excuse sinn, fir näischt ze maachen.”

Laanscht eng europäesch Léisung kéim een awer och net. Et sollt méi an d’Recherche investéiert ginn, fir änlech resistent awer méi nohalteg Stoffer ze entwéckelen, esou d’EU-Deputéiert Tilly Metz. D’Argument, dass PFAS a verschiddene Produiten onverzichtbar wier, fir och eng ekologesch Transitioun ze erméiglechen, géing d’Strooss net halen: “Et mécht ee keng ekologesch Transitioun mat PFASen”, esou déi gréng EU-Deputéiert. Dat wier e Widdersproch an amplaz an de Lobbyismus ze investéieren, sollten d’Entreprisen an d’Recherche investéieren. “Kompetitivitéit schützen dierf net heeschen, dass Chemikalie geschützt ginn.” Nëmmen Entreprisen, déi et packen, sech ëmzestellen, kéinten an Zukunft och wierklech kompetitiv bleiwen. Dës Transitioun sollt och politesch begleet ginn, well net iwwerall kéinte PFASen direkt an einfach ersat ginn. Laangfristeg gesi géing d’Transitioun och Sue spueren, zum Beispill, wa manner Leit krank ginn.

Well d’Decontaminatioun vun de PFASen esou schwéier ass, bedeit waarden nëmmen, dass nach méi esou Moleküllen an d’Welt geroden, ier een de Problem dann ugeet.

Back to Top
CIM LOGO