Den Dag gouf zur Nuecht: Fir d'éischte Kéier zanter zwanzeg Joer gouf et um europäesche Festland nees eng komplett Sonnendäischtert. E Mëttwoch den Owend war e groussen Deel vu Spuenien an der Däischtert, wéi sech de Mound virun d'Sonn geréckelt huet an e Schied op d'Äerd gehäit huet. An Däitschland an aneren Deeler vun Europa war d'Sonn nëmmen deelweis verdeckt, an awer hu sech op ville Plazen dausende Leit versammelt, fir sech den Himmelsspektakel unzekucken.
Millioune Leit, dorënner vill Touristen, déi extra fir d'Sonnendäischtert ugereest sinn, hunn a Spuenien nogekuckt, wéi d'Sonn lues fir ronn zwou Minutten hannert dem Mound verschwonnen ass. D'Liicht ass méi däischter ginn, bis nëmmen nach e Liichten, wéi um Enn vum Dag, ze gesi war. Nëmmen nach d'Corona, de Stralekranz vun der Sonn hannert dem Mound, war ze gesinn.
Ugefaangen huet d'Sonnendäischtert an Europa am fréien Owend. Kuerz virun 19 Auer huet sech der russescher Weltraumagence Roskosmos no am Norde vu Russland de Mound virun d'Sonn gedréckt. De seelenen Himmelsspektakel huet sech du vun der nërdlecher Hemisphär bis a Grönland ausgedeent an ass méi spéit iwwer den Atlantik südlech weider gewandert.
Och zu Lëtzebuerg war d'Sonnendäischtert ze gesinn. D'Sonn gouf zwar nëmmen deels vum Mound verdeckt, ma dat huet d'Leit net ofgehalen, sech de Spektakel unzekucken.
Ënnert anerem zu Ettelbréck hate sech eng ganz Partie Leit versammelt, fir sech d'Sonnendäischtert unzekucken. Si hu sech begeeschtert vum Spektakel gewisen.
Bei enger Sonnendäischtert réckelt de Mound direkt tëscht d'Sonn an d'Äerd a werft e Schied op eise Planéit. Um europäesche Festland gouf et zanter zwanzeg Joer keng komplett Sonnendäischtert méi. An der islännescher Haaptstad Reykjavik souguer zanter dem Joer 1433 net méi. Duerch déck Wolleken a Reen um Himmel war de Spektakel e Mëttwoch den Owend allerdéngs net ze gesinn.
Wien d'Sonnendäischtert verpasst huet, kritt an engem Joer déi nächst Chance. Am August 2027 wäert et zur längster kompletter Eclipse vum Joerhonnert kommen. Am Süde vu Spuenien an an Nordafrika wäert déi komplett Sonnendäischtert ze gesi sinn. De Maximum wäert sech am ägyptesche Luxor weisen. Och am Raum Mekka, Roum a Jerusalem wäert se ze gesi sinn.