
An den Aen vun der Oppositiounspartei ass d'Méiglechkeet, déi de Statec huet, ze decidéieren ob eng Enquête obligatoresch ass, net am Aklang mat internationalen Texter iwwert den Dateschutz.
Ëmfroe misste prinzipiell op Fräiwëllegkeet berouen, mat Ausnam vum Recensement. D'Decisioun, Enquêten obligatoresch ze maachen, misst bei enger Kommissioun leien, an där ënnert anerem d'Dateschutzkommissioun vertruede wier, esou de Roy Reding: "Dat heescht déi Kommissioun stellt eng positiv Lëscht op vun Themegebidder oder vun Enquêten, déi dierfen obligatoresch deklaréiert ginn, oder déi eben obligatoresch sinn. Déi selwecht Kommissioun iwwerwaacht och, wou de STATEC Donnéeë siche geet, a mat wéi engen aneren Organismen en eventuell Donnéeën deelt." D'Recht op Privatsphäre wier nämlech méi wichteg wéi d'Representativitéit vun enger Ëmfro.
De Roy Reding ass weider der Meenung, datt d'Amende misste reforméiert ginn: "Bei deenen Enquêten, déi obligatoresch sinn an et äntwert een net kann een och weider eng Amende kréien, mee déi Amende ass da liberatoire. Dat heescht se dispenséiert vun der Äntwert."
Den Direkter vum STATEC Serge Allegrezza kann d'Kritik net novollzéien - all Ëmfro vum STATEC hätt eng legal Basis: "99% vun eisen Enquêten, sinn Enquêten, déi baséiert sinn op engem Réglement communautaire, dat heescht, dass den europäesche Legislateur, deen decidéiert huet, dass déi doten Donnéeë mussen erhuewe ginn, fir e bessert Verständnis vu Wirtschaft, Gesellschaft an Ëmwelt. Well ouni déi mer eis net kënne virstellen, wéi mir evaluéieren a wat ee ka maachen, wann ee verschidden Objektiver wëll areechen."
Et wier wichteg, déi Donnéeën ze sammelen, fir verschidde Phenomener ze studéieren, zum Beispill Aarmut oder den Impakt vun der Pandemie, an déi Enquête missten och eng gewësse Representativitéit hunn. Dass Betriber Amende géife kréie wier iwwerdeems rar, esou nach de STATEC-Direkter Serge Allegrezza.