De Kollektivvertrag am Botzsecteur ass schonn zanter engem Joer ausgelaf, ma genau soulaang gëtt schonn iwwer en neie Vertrag diskutéiert an et schéngt keen Enn ze hunn. En Donneschdeg am Nomëtten hunn den LCGB, OGBL an d’Fédérations des entreprises de nettoyage sech erëm getraff, fir ze verhandelen. Kuerz virdrun hunn d'Gewerkschaften an Salariéen aus dem Botzsecteur Stellung bezunn a protestéiert.
Et betrëfft méi wéi 11.000 Employéen. Botzfraen- a Botzmänner, déi ouni Kollektivvertrag rëm ënner méi schlechte Konditioune solle schaffen. Dobäi huet d’Pandemie gewisen, wéi wichteg de Botzsecteur ass, seet d'Gorek Pereira Fernandes, Botzfra zanter 15 Joer.
"Mir kënnen net akzeptéieren, datt d'Patronen eis net unerkennen an net mat de Gewerkschafte wëlle schwätzen, fir eise Secteur ze verbesseren, an dat, obwuel mir essentiell sinn. D'Pandemie huet gewisen, datt mir net näischt sinn, esou wéi si dat mengen."
D'Argument vun der Federatioun, dass och dëse Secteur ënnert der Coronakris gelidden hätt, gëtt net acceptéiert. Et géif souguer méi Personal gebraucht ginn.
"Mir spieren den Drock an den Aarbechtsrhythmus. An dofir sinn ech och frou, datt vill Leit haut heihikomm sinn. Ech wéilt awer, datt der nach méi géife kommen, fir sech anzesetzen an eis Stäerkt ze weisen."
D’Gewerkschaften hu mat 19 Fuerderungen ugefaangen, 17 dovunner hu se fale gelooss. Zwou Fuerderunge wéilt een awer net opginn, erkläert de Bento Pires vum LCGB.
"500 Euro als Prime unique fir dat sämtlech Personal, dat am Kollektivvertrag mat dran ass, an zwee Deeg Congé. Dat alles ass verhandelbar. Mir waarde just op e Go vun der Federatioun an et geet net weider.”
Nom Protest Piquet hunn d’Negociatioune mat der Federatioun ugefaangen. Den OGBL an LCGB schwätzen no der Reunioun vun engem positiven Austausch. D'Federatioun wier gewëllt, en Accord ze fannen, misst sech awer nach beroden. Enn Mäerz sollen d’Partien nach eng Kéier zesummekommen. Vun der Federatioun koum bis Redaktiounschluss keng Ausso.