
Betraff sinn dovun ëmmerhin ronn 2.800 Salariéen. Déi nei Konventioun leeft op dräi Joer, retroaktiv op den 1. Januar 2026. Abegraff sinn ënnert anerem eng Paien-Hausse vun 2% iwwer 2 Joer, respektiv vu 7% fir d’Doktoranten. Et gouf och eng Deconnectioun-Charta festgehalen, eng informell Demarche bei Harcèlements- an Diskriminatiounsfäll a verschidden nei Dispositioune beim Congé an der Aarbechtszäit.