Orientéierung nom Cycle 4Knapps 40 % vun de Schüler ginn d'nächst Joer an de Classique

RTL Lëtzebuerg
Den Undeel vu Schüler, déi op déi verschidde Klassen orientéiert goufen, ass am Verglach mat de leschte Jore stabel.
© pexels.com / Pixabay

Um Enn vum Schouljoer 2025/2026 si 5.923 Schüler aus dem Cycle 4 vun der Primärschoul op déi verschidde 7èmes-Klasse vum Secondaire orientéiert ginn.

Wéi den Educatiounsministère an engem Schreiwes matdeelt, sinn 39,9 % vun de Schüler an de Secondaire Classique orientéiert ginn, 46 % kommen an de Secondaire Général an 13,9 Prozent kommen an de Préparatoire. 0,2 % wäerten dat lescht Joer vum Cycle 4 widderhuelen.

Den Undeel vu Schüler, déi op déi verschidde Klassen orientéiert goufen, wier am Verglach mat de leschte Jore stabel. D'Eltere vun de Schüler waren an 99,4 % vun de Fäll mat der Orientéierung vun hirem Kand averstanen.

Weider Detailer fannt Dir am Dokument vum Ministère

Back to Top
CIM LOGO