Aus dem PolicebulletinKläpperei am Stater Garer Quartier an haislech Gewalt zu Iechternach

RTL Lëtzebuerg
Nieft Streidereien an Ausernanersetzunge mellt d'Police an hirem Bulletin och zwee Abréch.
© Laurent Weber

D’Police war nees an der Nuecht op e Mëttwoch méi dacks wéinst Streidereien oder dem Stéiere vun der Nuetsrou am Asaz. An engem Fall zu Iechternach goung et ëm haislech Gewalt. De Parquet huet hei eng Verweisung géint eng vun de bedeelegte Persounen decidéiert.

Géint 23.30 Auer goufen d’Beamten an e Bistro an der Capucinergaass an d’Stad geruff, well hei eng Persoun randaléiert an aner Gäscht belästegt huet. Och géintiwwer de Poliziste war de Mann provokativ a respektlos. Opgrond vu sengem alkoholiséierten Zoustand gouf de Mann vun engem Dokter kontrolléiert, éier hien an Arrest bruecht gouf.

Kuerz drop waren d’Polizisten zu Déifferdeng am Asaz, well hei e Mann enger Fra am Parc de la Chiers e bësse méi vu sech gewisen hat, wéi déi dat wollt. Well d’Fra den Täter gutt beschriwwen huet, konnt dëse kuerz drop vun de Beamten ugetraff ginn. E Protokoll gouf erstallt.

Viru 5 Auer dann um Mëttwoch de Moie gouf eng Kläpperei am Garer Quartier gemellt. Och hei hunn d’Polizisten e Mann ugetraff, deen däitlech ze déif an d’Glas gekuckt hat. Och hie gouf vun engem Dokter ënnersicht, éier hie säi Rausch am Arrest ausschlofe konnt.

Weider mellt d’Police an hirem Bulletin nach verschidden Abréch, dat zu Esch an zu Munneref. A béide Fäll war a Geschäftsraim agebrach ginn. D’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO