Lutte géint Covid-PandemieKeng vun den Oppositiounsparteie wäert nei Restriktioune matstëmmen

Fanny Kinsch
Et wier kloer, datt elo misst intervenéiert ginn, ma déi annoncéiert Mesurë wieren net koherent. Dat d'Kritik vun den Oppositiounsparteien.
© AFP (Archiv)

Keng vun den Oppositiounsparteie wäert déi nei Restriktiounen an der Lutte géint d'Covid-Pandemie e Mëttwoch matstëmmen.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hat dat jo schonn e Méindeg de Moien hei op der Antenn annoncéiert, an och Vertrieder vun deenen 3 anere Parteien an der Oppositioun, Piraten, Lénk an CSV, soten eis op Nofro hin, datt si dat neit Gesetz net matdroe wäerten.

Et wier kloer, datt elo misst intervenéiert ginn, fir d'Belaaschtung vum Gesondheetssystem ze reduzéieren, ma déi annoncéiert Mesurë wieren net koherent an et hätt ee keng Donnéeën, déi erkläre géifen, firwat grad op deene Plaze géif intervenéiert ginn an net op aneren, zum Beispill an de Schoulen oder am ëffentlechen Transport.

Fir d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen ass der Meenung, datt déi annoncéiert Mesuren ze spéit kommen a se och net koherent sinn.

Extrait Martine Hansen

"D'Maskeflicht an der Stad, déi brauche mer. D'Police huet zu eis gesot, d'Gesetz ass onkloer, dofir kënne si am Prinzip do net kontrolléieren, respektiv protokolléieren, mee da musse mer d'Gesetz kloer maachen. Fir datt mer verhënneren, datt wa vill Leit an der Groussgaass ronderëm trëppelen, datt déi keng Mask mussen unhunn. Dat selwecht bei de Reegele beim Commerce. De Commerce ass gereegelt, awer nëmme just déi grouss Butteker, bei deene grousse Butteker ass awer an de Galerien iwwerhaapt näischt gereegelt, dat kann net sinn."

Et géifen nom Zoufallsprinzip Mesurë geholl ginn an duerno géif emol net gekuckt ginn, wat se bruecht hätten, esou déi schaarf Kritik vun der Martine Hansen. Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum schwätzt vun Decisiounen aus dem huele Bauch eraus. Fir de Marc Baum sinn déi nei Mesuren och net koherent.

Extrait Marc Baum

"Firwat déi Secteuren, déi elo do genannt ginn, firwat verschidde Beräicher an anerer net, firwat sinn d'Universitéitskantinnen op an d'Betribskantinne sinn zou, firwat reduzéiert op 2 Leit, firwat net soen e ganze Stot, et si ganz ganz vill Inkoherenzen an deem Ganzen an et muss ee soen, eng Mesure, déi virun 3 Woche geholl ginn ass, déi an eisen Aen wierklech noweislech näischt bruecht huet, nämlech d'Ausgangsspär, déi gëtt nach emol weider verlängert bis op de 15. Dezember."

De Piraten-Deputéierte Sven Clement gesäit an der Strategie vun der Regierung ze vill Hoffnung an net genuch wëssenschaftlech Basis. De Pirate sinn d'Mesuren och ze invasiv.

Extrait Sven Clement

"Déi Mesuren hei brénge mat sech, datt mer d'Liewe reduzéieren op Schaffe goen an op Léieren a soss näischt méi. Mir soen de Leit "Äert Liewen ass soulaang wichteg, wéi der schaffe gitt a wéi der léiert". Alles anescht, wat d'Liewen awer liewenswäert mécht, gëtt hannendru gestallt." Dat ass e Message, deen a mengen Aen vill méi déifgräifend problematesch ass, wéi eng Pandemiebekämpfung."

Souwäit de Pirat Sven Clement, d'Oppositiounsparteie vermëssen duerch d'Bänk Koherenz bei den neie Covid-Mesuren.

Den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel verdeedegt am RTL-Interview d'Strategie vun der Regierung: et géing net nëmmen drëm goen, koherent ze sinn, ma och Prioritéiten ze setzen, zum Beispill d'Schoulen opzehalen an en Deel wirtschaftlech Aktivitéit z'erhalen. De Georges Engel huet och d'Decisioun vun der Majoritéit an der Santéskommissioun verdeedegt, der Fuerderung vum Staatsrot, vu Stéit am Plaz vu Persounen ze schwätzen, net Rechnung ze droen.

Extrait Georges Engel

"Et geet hei jo net drëms, zu 5 bei een op Besuch ze goen. Et geet ebe grad drëms Doheem ze bleiwen. Déi Mesure hei, déi ass gemaach ginn, fir dass déi Leit, déi ganz eleng sinn, dass se awer do kënne Besuch kréien, fir dass se net ganz eleng sinn, fir dass awer een oder deen aneren emol ka bis bei ee goen. Déi Mesure ass eben net dofir gemaach ginn, fir datt d'Leit nees weider kënne fueren, mam Besuch. Et ass elo fir 3 Woche laang, bis de 15. Dezember. An dat ass jo elo awer keng Éiwegkeet."

Back to Top
CIM LOGO