Zanter kuerzem gëllt hei elo och d’Maskeflicht fir Kanner zu all Moment, wou se net sëtzen. Dat ass keng einfach Situatioun, ma am Secteur mécht een dat Bescht draus.E Méindeg de Mëtteg um 12 Auer: d’Kanner kommen aus der Schoul an d’Maison Relais. Soubal een op de Been ass, muss d’Mask opgesat ginn. D’Kanner dierfe sech just nach an hirem Grupp ophalen, dësen entsprécht och meeschtens der Klass. Mat Frënn aus anere Gruppe spillen ass net méi méiglech, bedauert den Dennis aus dem Cycle 2.2.
Wéi am Restaurant an an de Kantinne gëtt an der Maison Relais just nach zu 4 um Dësch giess. D'Kanner ginn zerwéiert. Bei engem Liblingsplat, wéi e Méindeg, ass et natierlech ongënschteg, datt ee sech den Teller net volltessele kann. De Ben fënnt et awer vu Virdeel, datt esou keen anert Kand säin Iesse beréiert.
Déi gréisst Ëmstellung awer ass wuel, fir d’Kanner déi ganzen Zäit de Mask unzehunn, wa se net sëtzen. Fir sech ze verstännegen, misst dann och emol méi haart geschwat ginn, seet d’Educatrice Tammy Daubenfeld. D’Kanner géifen och heiansdo Froe stellen, firwat da grad elo de Mask, ma allgemeng géife se d’Situatioun gutt geréieren.
E puer Büroe méi wäit probéiert d’Responsabel vun der Maison Relais dat selwecht. E Kand gouf de Weekend iwwer positiv op de Coronavirus getest. Elo mussen all déi aner 23 Kanner aus dem Grupp doheem bleiwen. Eng Hiobsbotschaft fir Elteren, déi schaffen an elo kuerzfristeg ëmplange mussen. Am Ufank vum Schouljoer wier dat seelen de Fall gewiescht, ma zanter enger Woch géifen et ëmmer méi der Fäll, seet d’Chargée de Direction Sonja Gentile.
D’Pandemie bedeit awer och personell Ausfäll, sief et duerch Krankheet oder Quarantänen. Dat wier eng vun de gréissten Erausfuerderungen, seet de Laurent Roder vun der Fedas, d’Federatioun vertrëtt ënner anerem 62 konventionéiert Gestionnairë vu Kanner-Dagesstrukturen.
Dës Problematik gouf och vum Ministère berécksiichtegt, esou datt fir déi konventionéiert Betreiungsstrukturen elo an der Moyenne 10% méi Personal virgesinn ass.
Positiv bleiwen an dat Bescht aus der Situatioun maachen, ass d’Devise hei an der Maison Relais zu Fréiseng. D’Kanner iwwerdeens déi ginn an dësen Zäiten esou vill wéi nëmme méiglech eraus an d’Frësch Loft geschéckt.
