Chamberkommissioun iwwer InstitutiounenKeng Changementer am Fonctionnement vun der Maison du Grand-Duc

Diana Hoffmann
Dat hätt een e puer Mol vum Luc Frieden gesot kritt, sou d'Sam Tanson no der Chamberkommissioun iwwer d'Institutiounen, déi vun déi Gréng ugefrot gi war.
© Maison du Grand-Duc

“Hien huet eis elo e puermol gesot, et géingen do keng weider Changementer ginn. E sot, et géingen an der Praxis, wéi dat iwwerall ass, villäicht Saache mussen adaptéiert ginn. Mee hie selwer hätt do keng Decisioune geholl, fir dat ze changéieren. An et géingen och keng strukturell Changementer ginn.”, sou d’Sam Tanson.

Et géinge just 2 Personalchangementer ginn, dat awer aus Grënn wéi enger Pensionéierung. Nei Nominatioune goufen net genannt. De Fonctionnement soll och weiderhin iwwert en Arrêté gereegelt bleiwen.

Och de Premier huet betount, hei wieren et Changementer vum Personal, déi mat engem Wiessel kéimen an normal wieren.

“Ech hunn der Chamber gesot, dass déi Haaptännerungen elo scho gemaach sinn. Dat eent ass, well am Mäerz en neien Hofmarschall kënnt. An et ass kloer, dass déi nei Marschall, d’Madamm Baillie, hir Ekipp muss mat opbauen. An dofir gëtt an deenen neie Wochen a Méint en neien Direkter vun der Maison du Grand-Duc gesicht, grad esou wéi e Personalchef an en Direkter vun der Regie”, esou de Luc Frieden.

Den Arrêté iwwer d’Maison du Grand-Duc soll a senger Substanz net touchéiert ginn. Iwwert déi nächst Méint sollen dann déi nei Leit an der Ekipp noméiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO