Zënter op d'mannst 10 Auer de MoienKeen Internet wéinst gréisser technescher Pann bei der Eltrona

RTL Lëtzebuerg
Wéi Eltrona an engem Mail un d'Clienten schreift, géif et eng gréisser Pann um Reseau vun der Eltrona ginn.
© RTL Archiv

Ob sech d’Auswierkunge vun der Pann iwwert dat ganzt Land zéien oder ob just verschidde Géigende betraff sinn, ass net kloer. Op alle Fall krut RTL och schonn eng Partie Meldungen eran, dass den Internet an och d’Tëlee zënter en Donneschdeg de Moien op verschiddene Plazen zu Lëtzebuerg net méi goe géif.

Weider heescht et säitens der Eltrona, dass een am Moment am Gaange wier um Problem ze schaffen, fir sou séier wéi méiglech eng Léisung ze fannen.

Weider Detailer ginn et säitens der Eltrona keng.

Back to Top
CIM LOGO