
Beim schwéieren Accident de 6. Mäerz 2023 war e Mann vu 64 Joer esou wéi eng Fra vun 31 Joer, déi am implizéierten Auto souzen, ëm d’Liewe komm. Och eng 40 Joer al Foussgängerin, déi beim Ongléck mat ewechgerappt gouf, hat net iwwerlieft. Geschitt war den Accident, wéi een Auto e Bus, deen um Arrêt stoung, iwwerhuele wollt. Do koum vun hannen e weidert Gefier mat héijer Vitess an et koum zu der Kollisioun, déi dräi Leit d’Liewe kascht huet.
Op Nofro vun RTL confirméiert de Parquet, datt et an dësem Fall zu kengem Prozess virun engem Strofgeriicht géif kommen. Den Dossier wier scho virun enger Zäit klasséiert ginn.