Wéinst der Corona-Kris goufen e Freideg de Moien am Regierungsrot weider Mesuren an der Wirtschaft geholl. E Freideg am Nomëtteg huet de Vizepremier an Aarbechtsminister op enger Pressekonferenz Detailer genannt.
Bis ewell sinn elo scho bal 7.000 Demanden op Kuerzaarbecht gestallt ginn. Eng Rei Demandë konnten ofgewéckelt ginn. Wéi vill huet den LSAP-Minister net präziséiert. Et wieren awer och eng Rei Betriber, deenen hir Donnéeën net komplett sinn an dowéinst nobessere mussen. Un d'Entreprisen ass et den Appell hir Demande fir Chômage partiel via en neie Formulaire op guichet.lu ze maachen.