Zu EschKand vun engem Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt een Accident um Freideg den Owend, dat nieft enger Rei méi klenge Bränn an der Stad.
Symbolfoto.
© CGDIS

Géint 19 Auer um Samschdeg den Owend ass an der Rue de Mondercange zu Esch ee Kand vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Ambulanz aus der Minettsstad war op der Plaz, fir sech ëm dat blesséiert Kand ze këmmeren.

Et goufen dann och nach eng kleng Rei Bränn an der Stad, dat notamment an der Rue Jean-Pierre Biermann, wou ee Grill gebrannt hat, an op der Place de Metz, wou eng Poubelle Feier gefaangen hat. Een e bësse méi groussen Asaz gouf et Zu Housen Deewelt, wou et an enger Kummer gebrannt hat. D'Pompjeeë vun Housen, Klierf, Weiler a Pëtschent waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO