D'Zil vum Exercice war fir en objektiven Debat ze beräicheren. Ëmmerhin ass d'Effikassitéit vun der Videosurveillance net onëmstridden. E Freideg de Moie goufen d'Resultater vun der Etüd an der Chamber an op enger Pressekonferenz presentéiert.
An der Stad Lëtzebuerg – heirop beschränkt d'Etüd sech – hänken den Ament knapps 100 Kameraen. Déi meescht an der Zone beim Glacis, an der Kinnekswiss an op der Gare. D'IGP huet analyséiert, wat déi Kamerae bruecht hunn an den Generalinspekter adjoint Vincent Fally ka soen:
"Déi hunn natierlech en Effet stabilisateur bruecht. Op deene Plazen, wou se sinn, ass d'Kriminalitéit normalerweis erofgaangen."
Dat muss een awer jee no Quartier a jee no Infraktioun nuancéieren. Ee Beispill. An der sougenannter "Zon C" ronderëm déi faméis Stroossbuerger Strooss maachen d'Drogenaffäre mat 21 Prozent e groussen Deel vun Infraktiounen aus. Zanter 2017 ginn déi nees liicht an d'Luucht, nawell geet d'IGP dovun aus, dass d'Hausse wéinst de Kameraen net nach méi héich ass. D'Argument, dass d'Videosurveillance als eenzegen Impakt hätt, dass d'Kriminalitéit sech vun enger Plaz op déi aner verlagert, kann d'IGP net confirméieren, awer och net ausschléissen.
An awer kënnt de Vincent Fally zu der Konklusioun:
"Dat ass u sech keen Allheelmëttel. Eleng brénge se näischt."
An do gëtt et nach vill Loft no uewen, erkläert d'Generalinspektesch Monique Stirn. Den zoustännege Service bei der Police, de Visupol, géif net Eescht genuch geholl ginn. De Service hätt kee Chef an der IGP wär opgefall, dass d'Personal dacks net richteg forméiert wär:
"An dass ganz dacks Leit dohi komm sinn, déi am Fong op anere Plazen net méi erwënscht waren oder déi net effikass waren. Ech wëll... dir verstitt wat ech mengen. Amplaz, dass een de Service valoriséiert huet, gouf en e bëssen als Ofstellgleis consideréiert."
D'Generalinspektesch Monique Stirn recommandéiert der Police deemno, hannert der Kamera Beamten anzesetzen, déi Experienz um Terrain hunn. Nieft der Etüd vun der IPG, krut TNS-Illres d'Missioun e Sondage bei den Awunner aus de concernéierte Quartieren an der Stad ze maachen. An hei koum eppes ganz kloer eraus, erkläert den Tommy Klein:
"Dat flagrantst ass, wat d'Onsécherheetsgefill ugeet, dass mer eng grouss Majoritéit op der Gare an zu Bouneweg hunn, déi sech an hirem eegene Quartier onsécher spieren. An engem Quartier, deen u sech vun der Mixitéit an der Liewensqualitéit lieft. Hei soe Leit, dass et Plaze ginn, wou si bewosst net méi higinn."
An dat virun allem nuets. Deemno ass eng grouss Majoritéit vun den 1.900 Residenten, déi d'Froe beäntwert hunn, dofir, dass d'Videosurveillance ausgebaut gëtt, och wa si d'Effikassitéit dovun duerchaus a Fro stellen. Eng ganz kloer Äntwert, geet aus den zwee Dokumenter net ervir. An de Policeminister Henri Kox wollt nach keng kloer Ausso maachen:
"Ech schléissen net aus, dass op Plazen, déi eng oder aner Kamera bäikënnt. Ëmgedréint schléissen ech net aus, dass Kamerae fortkommen, wa sech d'Situatioun op enger Plaz ännert."
Ier een eventuell nach zousätzlech Kameraen, zum Beispill zu Bouneweg installéiere kéint, misst een och préiwen, ob déi net kontraproduktiv fir d'Aarbecht vun de Sozialaarbechter a Sozialaarbechterinne sinn. Déi Aarbecht ass wuel laangfristeg déi wichtegst géint d'Kriminalitéit.
Och d'ADR fuerdert, dass de Reseau ausgebaut gëtt a verbessert gëtt. Den Deputéierte Fernand Kartheiser:
"Mir géingen den Ausbau virundreiwen, awer och mat Grenzen. Eng global Iwwerwaachung wëlle mir net. Dat wär iwwerdriwwen. Dat Instrument mécht bei Hotspotte Sënn. Et muss awer besser genotzt ginn an legal encadréiert sinn."
D'Piratepartei gesäit dat ganz anescht. Den Deputéierte Marc Goergen erkläert:
"Mir sinn éischter dofir, dass net ausgebaut gëtt. Et huet kloer gewisen, dass d'Kriminalitéit sech verlagert, wann éierens Kamerae sinn an do d'Kriminalitéit vläicht verschwënnt. Firwat gi Kameraen opgehaangen? Well et kriminell Delikater ginn. Et muss ee kucken, dass et guer net dozou kënnt."
D'Pirate fuerderen, dass däitlech méi sougenannt Streetworker an de Quartiere mat enger héijer Kriminalitéit agesat ginn.
Déi ganz Etüd vun der Generalinspektioun vun der Police fënnt een iwwerdeems op hirem Site.
Kriminalitéit bekämpfen: Suergen d'Kameraen an der Stad Lëtzebuerg fir méi Sécherheet?
Visupol-Videoiwwerwaachung: 16.000 Stéit aus Stater Quartiere kënne beim Sondage matmaachen