Et bréicht ee kee "Laissez-passer", wann een op d'Aarbecht fiert. Och Liewensmëttel akafen ass méiglech, awer "ouni Kosettercher ze halen" a séier. Donieft war et nach emol den Appell vum Minister un eeler a vulnerabel Leit, fir doheem ze bleiwen. Caféen a Restauranten dogéint gi streng kontrolléiert an och sanktionéiert, wa se sech net un d'Spillreegelen halen. Hei ass eng Amende vu 4.000 Euro per Gesetz virgesinn. Et wier net den Ament, Party ze maachen, sou de François Bausch. Wie sech als Privatpersoun net drun hält a seng Wunneng ouni gudde Grond verléisst, muss mat enger Amende vun 145 Euro rechnen, dës muss bannent 30 Deeg bezuelt ginn a kann och verduebelt ginn.
Vun e Méindeg un ass de reguläre Passagéier-Trafic um Fluchhafe gestoppt. Et gi just nach Rapatriementer organiséiert.
D'Leit sollen op kee Fall nach reesen an doheem bleiwen. Och wier et net zwéngend néideg, elo direkt heemzekommen.
De Fluchhafe bleift op fir de Frachtberäich, dee géif méi wéi jee gebraucht ginn. D'Cargolux géif relativ vill fléien. D'autant plus, well op de Stroosse wéinst de Grenzkontrolle Problemer do sinn.
D'Air Rescue flitt och nach emol weider.
Den ëffentlechen Transport gëtt jo drastesch erofgefuer: e Minus vu 40% beim Zuch an den Tram fiert elo nach den Ament am Véierelsstonnen-Takt, mä d'Kadenz wäert weider zréckgoen. Och de Busverkéier wäert weider zréckgefuer ginn, sou de François Bausch.
